Budget, Obama an Aviatioun

Um Menu dëse Sonndegmueren: d'Nobesserungen um Statsbudget fir dat anert Joer, d’Confirmatioun vum US-President Barack Obama an d’Aviatioun zu Lëtzebuerg.
Sinn d’Nobesserungen um Statsbudget fir dat anert Joer sozial gerecht verdeelt? Kritt d’Welt an den nächste 4 Joer dat richtegt Gesiicht vum US-President Barack Obama ze gesinn? An hunn d’Luxair an d’Cargolux deen néidege politesche Réckhalt, fir aus der Kris erauszekommen?
Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.
De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu - an dësem Artikel an am Audio-Archiv an der Radiosrubrik.