SREL, ADR, Mali, Armstrong

Hunn d’Aussoe vum Premier Jean-Claude Juncker zur Geheimdéngscht-Affaire, wéi hie se genannt huet, Kloerheet bruecht oder net?
- Déi rezent Aussoe virun den Deputéierte vun der Enquête-Kommissioun iwwert de Fonctionnement vum Geheimdéngscht a weider illegal Ecouten
- De "Relaunch" bei der ADR
- Déi franséisch Interventioun géint d'Islamisten am Mali
- Den Doping-Outing vum Lance Armstrong
... all dat sinn d'Sujeten, déi am Presseclub dëse Sonndeg zur Sproch kommen.
Invitéë vum Roy Grotz sinn:
d'Josée Hansen vum Land
d'Laurence Harf vum Jeudi
de Claude Karger aus dem Journal
an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort.
Rendezvous fir de Presseclub wéi gewinnt um Sonndeg um Véierel op 11.
De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu.