RTL-Presseclub vum 4. Oktober: Budget, Referendum, G20 ...

De Staatsbudget 2010. Méi Depensen, manner Recetten. Méi Schold an d'Fro, wou Lëtzebuerg spuere kann. Dat ass en Haaptthema de Sonndeg am RTL-Presseclub.
Da geet et natierlech ëm de Referendum an Irland an ëm Schwaarz-Giel an Däitschland. Wat kënne Merkel a Westerwelle, wat Merkel a Steinmeier net konnten?
Donieft geet et ëm de G20 zu Pittsburgh. Wat huet de Weltfinanzsommet bruecht, goufen déi richteg Weiche gestallt, fir de Kollaps vun de Finanzementssystemer an Zukunft ze verhënneren?
Invitéë beim Marco Goetz sinn d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.
AUDIO: De Presseclub vum 4. Oktober
De Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg: All zweete Sonndeg tëscht 11.15 Auer bis Mëtteg um Radio an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.