D’Zukunft vu Goodyear, vu Belval-Plaz a vum Mëllechsekteur heiheem. Dat waren d'Haaptthemen de Sonndeg am RTL-Presseclub.

De Kierchbierg gëtt zur Festung wann am Konferenzzentrum d'EU-Landwirtschaftsministeren beienee setzen an d'Bauere virun der Dir manifestéieren. De Premier Jean-Claude Juncker huet Versteesdemech fir d'Suerge vun de Mëllechbaueren. Et muss mat hinne geschwat ginn, seet hien.

Grouss Fro awer wat soll een hinne soen? Dat se gedëlleg solle nokucken, wéi de Mëllechpräis weider an de Keller geet? Minus 15 % sinn et dëst Joer. Dat een de Präisverfall an de Grëff kritt, datt „Gäiz ass gäil" beim Mëllechpräis kee Kavaléiersdelikt méi ass?

Mir schwätzen awer och iwwert eng Manifestatioun, déi schonns war, nämlech déi vun de Beamten aus dem Gas- an Elektrizitéitswierk vun der Stad. Wat fäerten si a firwat kennt deen Ierger vläit eng Grëtz spéit?

Da geet et ëm d'Goodyear. Wann hei am Land manner Pneuen gemat ginn, brauch een och manner Drot fir an déi Pneuen dran. Dofir soll d'"Wireplant" verkaf ginn. 286 Leit schaffen do. Fro: Wee keeft sou eng Firma. Wee brauch se? Wat ass d'Zukunft vun de Beschäftegten?

Een aneren Diskussiounspunkt ass Villeroy et Boch. Direktioun a Gewerkschaften streiden am Kader vun de Verhandelungen fir de Sozialplang ëm d'Entschiedegung, déi d'Aarbechter kréie sollen, di entlooss ginn. 20 Euro pro geschaffte Mount seet Patronat. 225 froen OGBL an LCGB.

Am Presseclub goung et dann awer och nach ëm d'Rentrée di leschte Woch an der Chamber an ëm deene Gréngen hir Idee fir d'Rapport'en aus de Kommissiounssëtzungen op Internet ze publizéieren.

Invitéen beim Marco Goetz waren d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, de Romain Meyer vun der Revue an den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg all zweete Sonndeg vun 11.15 Auer u bis Mëtteg.