2 bal Onbekannter un der Spëtzt vun der EU an d'Heibleifskäerche fir de Jean-Claude Juncker, dat ass Haaptaffiche am Presseclub vum 22. November.

Invitéë beim Marco Goetz sinn d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.

A mat hinne schwätze mer iwwert d'Decisioun dës Woch um EU-Sommet zu Bréissel.

Herman Van Rompuy an net Jean-Claude Juncker heescht den éischte permanenten EU-Conseilspresident an d'Catherine Ashton ass europäesch Ausseministesch. D'Catherine, pardon wéi?

En Opbroch an ee neit Europa huet ee sech op alle Fall anescht virgestallt an dynamesch Politiker gesinn anescht aus.

Natierlech muss een deenen zwee elo eng Chance ginn, natierlech ass den Herman Van Rompuy net vun der Heck gepléckt, et ass ee geschéckte Vermëttler an notament säin Humor ka gefalen, heescht et. Ma dorëms geet et net.

Et geet dorëms, datt um EU-Conseil en Donneschdeg den Owend eigentlech een aneren Wand geblosen huet. Aus Diplomatiekreeser heescht et, datt et eng Unanimitéit fir de Jean-Claude Juncker gouf, sauf, sauf an dat war de Problem, sauf Frankräich oder besser gesot sauf de President Nicolas Sarkozy.

Nei si sou Spiller jo net, iergendwou weess een, dat se zur Politik gehéieren, an awer, eng Grëtz schlecht kann et engem dobäi dann awer schonns ginn.

Mir schwätzen dann awer och iwwert personell Changementer un der Spëtzt vun CSV a vun deene Gréngen a mir kucken wat an de leschten Deeg esou alles zum Staatsbudget 2010 gesot a geschriwwe gouf.

E neie Wettskandal am däitsche Fussball kann da nach een anert Stéchwuert an eiser Emissioun haut sinn, wann d'Zäit dat erlaabt a vläit och nach d’Lëtzebuerger Buch an d’Walfer Bischerdeeg.