RTL-Presseclub vum 6. Dezember: Fëmmen a Finanzen

Wou soll et iwwerall verbuede sinn, fir ze fëmmen? Wat maache Lëtzebuerger Betriber, wéi zum Beispill d'Cargolux, an der Kris?
Bloen Damp, Lissabon, Staatsfinanzen an d'Cargolux, dat sinn d'Themen haut am Presseclub. Invitéen beim Marco Goetz sinn de Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der Woxx, de Lucien Montebrusco vum tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.
De Gesondheetsminister seet wou et higeet. Quasi dampfräi soll d'Zukunft sinn. Mä wéi ass et da mat de Baueren a Griicheland, Italien oder Spunien, déi Tubak ubauen an dofir vun der EU subventionéiert ginn. A wéi ass et mat de Leit, déi an der Tubaksindustrie schaffen?
Froen iwwert Froen, déi ee beäntwere muss. An eiser Ronn haut kucke mer mol wéi wäit mer kommen.
A wéi wäit kennt d'Cargolux nach? Déi aktuell wirtschaftlech Situatioun stutzt der Transportgesellschaft jo e wéineg d'Flilleken, de Staat gräift hir ënnert d'Ärem. Ass dat d'Léisung.
D'Léisung fir unzefänken aus der Kris erauszekommen, ass eng mat der Gewerkschaft a net géint d'Gewerkschaft, sou kann een den OGB-L-President Jean-Claude Reding verstoen. Spuere jo ma net op Käschte vun de Salariéen sot hien um Kongress dëse Weekend. Verméigenssteier ass d'Stéchwuert.
Een anert Thema an eiser Journalisteronn haut ass kee Secret méi. D'Deeg vum Lëtzebuerger Bankgeheimnis schéngen definitiv gezielt. Nach gëtt verdeedegt wat ze verdeedegen ass, ma de Reckzuch ass organiséiert. Dorobber huet de Finanzminister Luc Frieden Land a Leit bei de Büdgetsdebatten di leschte Woch preparéiert. Zäiten änneren sech an dat soll och fir d'europäesch Unioun gëllen.
Den neie Vertrag vu Lissabon soll d'Unioun méi transparent, méi demokratesch a méi dynamesch maachen. De Bierger soll am Mëttelpunkt stoen, net d'Economie. Bravo. Do ass ee bal tentéiert an d'Hänn ze klappen an d'Fläsch Schampes opzemaachen. Just Sonndesrieden hu mer schonns vill héieren. Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser. Weise gelt.