De Weltklimasommet zu Kopenhagen ass och eist grousst Thëma de Sonndeg, 20. Dezember am RTL-Presseclub.

Invitée sinn d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, de Romain Meyer vun der Revue an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.

Themen? Ënnert anerem Kopenhagen:

Wat soll derbäi erauskomme wann dausende vun Expären a Politiker bei äisege Baussentemperaturen diskutéieren bis d'Käpp dämpen, bal 2 Woche laang? Iergendwann zéie vu Frust an Egoismus genierten däischter Wolleken op um Klimahimmel an herno steet jiddfereen am Reen oder ënner Waasser.

D'Äis ass net geschmolt zu Kopenhagen. D'CO2-Bilanz vun deem Happening léisst sech zwar weisen. Ma een neie Klimaaccord gouf et net, egal wat elo gesot gëtt.

Ma ass dat wierklech esou schlëmm? Steet d'Welt wierklech virum Enn a kee mierkt et?

Ënnert anerem doriwwer diskutéiere mer haut an eiser Journalisteronn.

Da geet et ëm Standuertbestëmmung. Keng geografesch. Mä wou sti mer, also Lëtzebuerg, kuerz virum Joerewiessel? Wat war wichteg, wat gëtt wichteg?

Stéchwuert Wirtschafts-a Finanzkris dann. Ass d'Land aus dem Schlëmmsten eraus oder musse mer eis op Changementer astellen, déi op d'mannst ee Broch mat léiwe Gewunnechte sinn? Mir wëlle bleiwen wat mir sinn, just vläit anescht?

Heiansdo kennt et éischtens anescht an zweetens wéi een denkt. Den CSV-Politiker Michel Wolter war ni besonnesch waarm fir een Doubelmandat, also Deputéierten a gläichzäiteg Buergermeeschter, elo ass hien et selwer: nämlech Député-Maire. Ass dat e Problem?

De Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg all zweete Sonndeg vun 11.15 Auer u bis Mëtteg.