RTL-Presseclub vum 10. Januar: Scanneren, Monorail, Wieder

Wat brénge Ganzkierperscanneren um Fluchhafen? Méi Sécherheet? Oder méi Iwwerwaachungsstaat? Ënnert anerem doriwwer schwätze mer am RTL Presseclub.
Donieft ass et de Bléck no vir an dat neit Joer, et geet ëm d'Wieder, ëm de Monorail an ëm d'Demandeurs d'Asile.
Invitéë beim Marco Goetz sinn de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum tageblatt an den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort.
Eng 20 Zorte Béier op d'mannst huet Lëtzebuerg an der Zäit, an der gudder aler, emol gezielt. Lues a lues si se d'Baach ofgaangen oder sollt ee soen d'Mousel. Den Aus fir Diekirch ass elo e weidert Kapitel an enger Geschicht, déi vum Kapital dominéiert wéineg Sensibilitéit weist wann de Rendement net méi stëmmt. An datt di weltwäit gréisste Brauerei Anheuser-Busch als Proprietaire vun Diekirch net allze vill iwwreg huet fir eng al lëtzebuerger Traditioun duerf och kee wonneren.
An der Ronn vun de Journalisten schwätze mer dann virun allem och iwwert di Ganzkirperscanneren. Do gëtt de Mënsch duerchliicht a ween Béises am Schna huet soll besser wéi bis elo aus dem Cortège geholl kënne ginn. Op dat wierklech sou funktionéiert? Kritik gëtt et net nëmmen, well op deene Biller vläit ze erkennen ass, wat kee well weisen. Nee Kritik kennt och aus Kreesser vu Leit, déi mat Sécherheet nawell eng Grëtz méi ze dunn hunn an déi un der Efficacitéit vun sou engem Scanner zweiwelen. Sécher ass, datt déi Scanneren deenen, di se bauen vill Sue wäerte bréngen. An d'Mënschheet réckelt dem Iwwerwaachungsstaat nees e Steckeleche méi no.
Ursaachefuerschung gëtt an där ganzer Sécherheetshisterie awer kaum bedriwwen. Wat dreift jonk Mënschen aus aarme Länner derzou sech mat engem Fliger an Honnerten anere Leit an d'Luet ze sprengen? De Misère, am Jemen zum Beispill, ass den idealen Nährbuedem fir radikal Ideologien. Schonns no de Attentater zu New York huet dee manner opgereegten Deel vun de Kommentatoren drop higewisen, datt do den Hiewel muss ugesat ginn. Et schéngt vergiess.
Wann de Misère op der Welt méi grouss gëtt, dann zitt et Leit fort. Och op Lëtzebuerg. 2009 loung d'Zuel vun de Mënschen, déi hei am Land Asyl gefrot hunn méi héich wéi di 2 Joeren virdrunner. Och dat ass een Thema haut bei eis am Presseclub. Donieft geet et ëm Relatiounen tëscht Salariat a Patronat, Stéchwuert Tripartite, mir probéieren d'Léisung vum Transportproblem op d'Schinn ze kréien, Stéchwuert Monorail an da schwätze mer iwwert d'Wierder, e Wanter wéi dësen hate mer schliisslech nach ni...oder?