Am RTL Presseclub geet ënnert anerem ëm den Dikrecher Béier, den Avortement, Haiti an d'Tripartite.

Anne Henniqui vum Lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Claude François vum Telecran a Romain Meyer vun der Revue, dat sinn d'Inviteeë beim Marco Goetz am RTL Presseclub. Et geet ënnert anerem ëm den Dikrecher Béier...

 

donieft geet et ëm de laange Wee an déi nächsten Tripartiteverhandlung. D'Regierung zitt sech op Senneng zréck, Rechemaschinn a gesonnte Mënscheverstand an der Täsch, fir a meditativer Atmosphäre ënnert anerem di schwieregsten Tripartite vun allen Zäiten ze preparéieren.

Iwwerdeems ginn um grousse Schachbriet Gewerkschaften a Patronat a Positioun.

Do duerf ee gespaant si wéi eng Affer ze brénge sinn a ween d'Konscht vun der Rochade beherrscht, fir Kinnek an Damm ze retten.

Eng Fra ass ëmmer am Spill grad och bei der Diskussioun ëm den Avortement. Mir ginn net aus dem penale Beräich eraus, seet ee Mann, nämlech de Justizminister François Biltgen. E Schwangerschaftsofbroch ass méiglech, mä d'Fra muss sech am Gespréich an der Berodung serieux op den Zannt fille loossen. Ass dat de Wee wéi e soll sinn? Wéi ass et mat Eegeverantwortung, anno domini 2010?

Keen Oofbroch ma monter weider mécht de Jean-Claude Juncker als President vum Eurogrupp. De Lissabon-Vertrag stäerkt d'Selbstbewosstsin vun deem Grupp a vu sengem President, dee net zéckt, a virun der Wal souzesoen, säin ambitiéisen Aarbechtsprogramm duerch d'Eurozon schéckt. Wahrscheinlech huet de Programm net jidderengem geschmaacht, geschléckt gouf en awer. Wat duerf ee sech elo vum Eurogrupp erwaarden?

Och dat ass een Thema haut bei eis, grad ewéi eng europäesch Steier respektiv eng richteg gefouert europäesch Steierdebatt, wéi de Finanzminister Luc Frieden se am Kapp huet.

Manner mat Kapp, ma ganz vill mat Gefill, ze dunn, huet d'Diskussioun ëm ee Lëtzebuerger Traditiounsprodukt, nämlech den Dikrecher Béier. An der Belsch weess de Management vum Dikrech Proprietaire Inbev entretemps wat geschitt wann d'Gewerkschaften an d'Salariat Stuerm lafen an op Konkurrenzmarken „ëmdrénken“.

Da schwätze mer haut am Presseclub natierlech och iwwert d'Äerdbiewen op Haiti. Do gëtt et ënnert anerem ëm d'Fro ob finanziell Hëllef wierklech bei deenen ukënnt, déi se brauchen. Haiti huet nämlech eng zollitt Vergaangenheet wat Korruptioun ugeet. Dat esouvill Gebaier an de Koup gefall sinn wéi Sandbuergen huet och domatter ze dunn, datt Entwécklungshëllef aus de leschte Joeren net do ukomm ass, wou se hätt sollen.