Scholdebierg, d'Economie vum Land ënnert der Lupp vum Professer Fontagné an d'Tripartitesronn, dat sinn di Haapttheme vum RTL-Presseclub.

Exit, Sortie, Ausgang, dat ass eng Indikatioun, déi een op de politesche Weeër hei am Land an dësen Deeg méi dacks gesäit. Et geet drëm fir am Labyrinth vu méi oder manner Machbarem, fir do Weeër ze fannen, déi hëllefen de Scholdebierg ofzebauen. Ma bedeit Ausgang aus de Scholden och e gesonnten Auswee aus der Kris oder heescht et herno: „Operatioun gegléckt Patient dout“? Dat ass eng Fro haut an eiser Journalisteronn.

Bis 2014, seet op alle Fall de Finanzminister, sollen déi ëffentlech Finanzen nees am Equiliber sinn. An dofir muss gespuert ginn, an dat net ze knapps. Wat dat heescht goufe schonns eng Partie Kulturheiser gewuer. Am Budget, dee virun e puer Woche gestëmmt gouf, hu musse Korrekture gemaach ginn.

Een däitlecht Signal also, emol un d'Sozialpartner an der Tripartite. E Signal vun engem Staat, dee bereet ass dat ze maache wat e vun deenen aneren fuerdert.

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gesäit sech do awer iwwerdeems als aner anerer. Am Strippoker vun de Verhandelungen behalen si op alle Fall gären d'Box un.

Et duerf ee gespaant sinn.

Eng Grëtz iwwerrascht war een di leschte Woch iwwert den Optrëtt vum Sorbonne-Professer a Sarkozy-Beroder Lionel Fontagné. Op eege Käschten huet hien 5, Joer no sengem bezuelte Rapport, d'lëtzebuerger Economie ënnert d'Lupp geholl.

Wourescht deet wéi, stoung an enger Zeitung. Op dem Fontagné säi Bléck op eis d'Wourecht ass, muss ee kucken.

Méi wéi ee Bléck, och wann e gedréiwt ass, ass dat wat am Steierdossier geschitt. Ëmmer nees gëtt sech op eist Bankgeheimnis konzentréiert mam Ziel eiser Finanzplaz ze schueden. A sief et nëmmen, datt iergendwou behaapt gëtt op deenen ominéise Lëschten mat Steierflüchtlingen drop géifen et och Spueren op Lëtzebuerg ginn.

An dann ass haut, bal hate mer et vergiess, de leschten Dag vum Autofestival.

D'Nofroo bei deem vu Prime Care a Careplus stimuléierten Event schéngt net all ze schlecht ze sinn, héiert een op d'mannst emol a verschiddene Garagen.

Och doriwwer schwätze mer am Presseclub vun dësem 7. Februar op RTL Radio Lëtzebuerg.

Invitéeën beim Marco Goetz sinn d'Anne Henniqui vum Lëtzebuerger Land, Claude Karger vum Journal, Lucien Montebrusco vum Tageblatt an den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort.