RTL-Presseclub vum 21. Februar: Zuchaccident, Griicheland

D'Zuchaccident an der Belsch, Zodi an der däitscher Regirung an däischterrout Zuelen a Griechenland, dat sinn e puer vun den Themen am RTL-Presseclub.
D'Ursaachen an d'Konsequenze vum uergen Zuchaccident an der Belsch, dat ass een Thema am Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg. Donieft geet et awer och ëm di desolat Situatioun vun de griichesche Staatsfinanzen:
Griichenland sëtzt op engem Scholdebierg, dee bis dohinner reecht, wou d'Beem vun der griichescher Economie net méi hikommen. Dee Problem muss geléist ginn, heescht et. Soss riskéieren d'griichesch Finanzen di aner Euro-Länner a Gefor ze bréngen.
Ma wéi kann eng Léisung ausgesinn? Griichenland muss spueren, stramm spueren, gëtt gesot. Ma wat ass wann dat net duergeet? Di aner Euro-Länner ënnerstëtzen de Partner aus dem Süden gëtt ëmmer nees vu Politiker betount. Wat heescht dat a wat kann ee maache géint d'Ontugenden vun de Finanzmäert, déi sech Griichenland als Spekulatiounsobjet erausgesicht hunn?
Da geet et ëm d'Zuchongléck viru bal enger Woch. Wéi ass et méiglech dat am Zäitalter vu modernster Technik zwee Zich anenee rennen an dat net iergendwou an Afrika ma bei eise belschen Noperen?
Aner Stéchwierder aus eiser Emissioun sinn: Tripartite zu Lëtzebuerg, a wéi eng Richtung geet et? Dann den Zodi an der däitscher Regierungskoalitioun. Wéi sozial muss ee Staat sinn?
Äntwerte ginn et vum Michèle Sinner vum Lëtzebuerger Land, vum Nic Dicken vum Journal, vum Romain Meyer vun der Revue a vum Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort.