Am Presseclub geet et ëm d'gëlle Fra, déi vun hirem Sockel erofgeholl gouf. Da geet et ëm den Incident, bei deem d'Police e belsche Gangster erschoss huet.

Iwwerfall mat engem Doudegen, d'DP op der Sich no neien Ideeën, d'national Tripartite, griichesch Finanzproblemer an d'Rietspopulisten an Holland, dat sinn e puer vun den Themen am RTL Presseclub.

Donieft geet et natierlech och ëm d'gëlle Fra.

Eigentlech duerf ee sech elo schonns op di nächste Cabaretsprogrammer freeën, well d'Aktualitéit heiheem huet an de leschten Deeg direkt zwee Impulser geliwwert.

Virop d'gëlle Fra. Bleif wann ech gelift hei, géi net op Shanghai, ruffen déi, di wahrscheinlech schonns viru Joeren an d'Flilleke geklappt hunn, wéi d'gëlle Fra 2 am Rausch vum kulturelle Fréijoer zu Lëtzebuerg geschwängert iwwert d'Stad gekuckt huet.

Elo ass definitiv kloer, ween Opmierksamkeet wëll, muss an iergendenger Form d'gëlle Fra an d'Boot huelen. Vläit hätt demokratesch Partei sollte proposéieren, datt eist gëllent Nationalsymbol bei der Tripartite sollt derbäi sinn, dat wier Furri ginn, amplaz dat se higaangen ass, an d'Leit am Land opgefuerdert huet Spueriddien ze liwweren?

Datt gespuert muss ginn, am Land, do geet allerdéngs kee Wee derlaanscht. D'Tripartite e Stéck a 5 Akten soll weisen, wou mer stinn a wou mer kënnen hin. Dorëms geet et och an eisem Presseclub.

Da schwätze mer natierlech och iwwert den Iwwerfall zu Uewerpallen. 2 oder méi Männer iwwerfalen eng Bijouterie, d'Police erwëscht se an iergendwann fält ee Schoss, duerch deen ee vun de Gangster déidlech blesséiert gëtt.

Da beweege mer eis awer och eng Grëtz nördlech bei eis hollännesch Benelux-Partneren. Bei de Kommunalwahlen huet de Rietspopulist Wilders gewisen, wat a wéi een Deel vun den Hollänner denkt. Firwat se esou denken, doriwwer sollt ee nodenken a net vu falscher Multi-Kulti-Romantik gedriwwen, d'Dier zouklaken an d'Hollänner, virum Iwwerpréiwen vun der Situatioun, als domm Rassisten vernennen.

Anert Land, aner Suergen, och d'Griichen musse spueren, mat léiwe Gewunnechte briechen, do schéngt de südlechen EU-Partner um richtege Wee mat d'griichescht Vollek ass net begeeschtert. Och dat ass en Thema am Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg.

Invitéen beim Marco Goetz sinn d'Anne Henniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.