D'Rettung fir d'Brauerei Dikrech, den Ufank vun der Tripartite an de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jonken, dat sinn d'Haaptthemen am Presseclub.

Et beweegt sech eppes bei Dikrech. Et schéngt jo esou ze sinn, wéi wa sech e puer Leit mat Mënz, Investisseuren mat Léift zum Béier, zum Lëtzebuerger Béier, wéi wa sech also e puer Leit zesummegedoen hunn, fir d'Brauerei ze retten. A wéi eng Richtung sech di Saach beweegt, weess een awer net genee. Déi, di bezuelen, wëllen net genannt ginn, nach net, an dat huet wuel kaum eppes mat Bescheidenheet ze dunn.

Et muss ee also nach ofwaarden, iert een rouege Gewëssens "Alles gëtt gutt a Prost Dikrech" ruffe kann. Dat ass een Thema an eiser Journalisteronn.

Eent anert ass d'Tripartite, wou et eigentlech kaum Beweegung gouf. Leschte Mëttwoch huet d'Tripartite ugefaangen. Eigentlech esou, wéi ee sech dat erwaarde konnt. Positioune goufe kloer gemaach, Terrain gouf besat oder ënnerstrach, datt een, wéi am Fall vum Index zum Beispill, keen Dibbelchen vun historesch gewuessenem an hellegem Gewerkschaftsterrain wëll ofginn.

Et versprécht op alle Fall nach interessant ze ginn an dësen Zäiten, déi jo gären als spannend bezeechent ginn, kitt datt een dat net ëmmer sou mierkt, wa gesonge gëtt: Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn.

Beweegen deet dann awer eppes ganz aneres. Eppes, wou ee sech net scheie sollt, fir et ruckelzech ze nennen. Sexuelle Mëssbrauch vu Kanner. An deene ganzen Diskussiounen aus de leschte Wochen schielt sech eraus, datt déi Plaz, wou et am meeschten zu Mëssbrauch kënnt, d'Famill ass, Täter sinn de Papp, de Monni, de Brudder a Mammen, Tattaen a Schwësteren si beileiwen net excuséiert.

Mëssbrauch zitt sech duerch d'ganz Gesellschaft, duerch d'Schoulen an d'Kierchen. Nokucken ass eng Sënn.

Invitéë beim Marco Goetz sinn Anne Henniqui vum Lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Lucien Montebrsuco vum Tageblatt a Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.

Rendezvous wéi gewinnt de Sonndegmoie vun 11.15 Auer bis Mëtteg.