Themen: d'Tripartite an d'Differenzen tëscht de Sozialpartner, d'Gehälterrevisioun am ëffentlechen Dingscht an dat passiivt Wahlrecht fir Auslänner.

Bei der Tripartite ass een an der Halbzeit ukomm. Wat bis ewell vun Echoen op déi 3 éischt Réuniounen ze héiere war, léisst net onbedingt allze groussen Optimismus opkommen, dass sech Regierung, Patronat a Gewerkschaften an deene leschten zwee Tier nach no genuch kommen, fir dass et zu engem Accord kënnt. Besonnesch d’Gewerkschaften hunn e relativ depriméierten Androck gemaach! Sinn d’Meenungsverschiddenheeten tëscht de Sozialpartner nach aus der Welt ze schafen, a wéi kënnt e Pak ausgesinn, dee jiddereen zefridde stellt? Doriwwer diskutéiere 4 Journalistekollegen.

Weider Sujete sinn d’Gehälterrevisioun am ëffentlechen Dingscht, zu där d’Gewerkschaften aus deem Secteur Njet soen, dat passiivt Wahlrecht fir Auslänner an d’Hotline vun der kathoulescher Kierch fir d’Affer vu Mëssbrauch.

Invitéë waren de Claude Karger vum Journal, de Josy Lorent vum Lëtzebuerger Wort, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an d’Renée Wagener vun der woxx.

De Presseclub leeft ëmmer sonndesmoies tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.lu ze fannen.