Een usech kléngen Ausbroch mat grousser Wollek a grousser Wierkung, een Ausfluch mam Vëlo op Léck, en Häerz fir kriibskrank Kanner an d'Tripartite...

Eemol méi geet et ëm déi Tripartite. A nach ëmmer feelt de wierklechen Duerchbléck oder anescht formuléiert: Et feelt d'Gefill, datt dat wat ee mengt ze erkennen, och richteg ass.

Well et ass jo eigentlech esou, dat net wierklech ze erkennen ass, ween wou rénge Wäin servéiert. Politiker vun alle Couleuren dréinen a kéieren, dat engem dronken Ellen ausginn a grouss Deeler vun der Populatioun hunn den Androck, datt se net genee wëssen wat geschitt mat dat daat wat geschitt hinnen zollitt un de Portemonnaie geet a wéi deet.

Domatter si mer beim Stéchwuert Kommunikatioun, déi bis ewell alles anescht ewéi verständlech ass. Dobäi geet dann eng Grëtz ënner, fir manner opgereegt awer net manner néideg iwwer eng serieux a nohalteg Weichestellung vun eiser Politik ze schwätzen a virun allem och iwwert d'Fro wou eis Suen haut a muer hierkommen a wat een domadder wierklech alles maache soll, kann, muss.

Mir versichen also haut eemol méi an eisem Presseclub ee roude Fuedem ze fannen an e wéineg aus dem Labyrinth vun der politique politicienne erauszekommen.

Den Télévie ass da natierlech och een Thema. Ween Solidaritéit am Land sollt gesicht hunn, dee konnt se bei deene villen Aktivitéiten gëschter wéi och schonns an de leschte Woche fannen. An deem Kontext kann een da vläit driwwer schwätze wat wierkleche Misär ass a wat mat Leiden op héijem Niveau gemengt ka sinn.

Iwwert de Vulkan mam komeschen Numm schwätze mer och, alleng schonns dowéinst well ee vun eise Journaliste gewuer gouf wat sou ee Vulkan uriichte kann.

An dann drécke mer d'Daumen all deene Lëtzebuerger, déi haut um Courssevëlo tëscht Léck a Bastenesch ënnerwee sinn.

Inviteeë beim Marco Goetz sinn d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.De Presseclub leeft ëmmer sonndesmoies tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.lu ze fannen.