RTL-Presseclub vum 9. Mee: D'Lag vun der Natioun

Dem Premier seng Erklärung zur Lag vun der Natioun an d'Debatten doriwwer an der Chamber sinn och d'Haaptthema dëse Sonndeg am Presseclub op RTL Radio.
Griichenland a Groussbritannien, dat sinn 2 vun eisen Themen am RTL Presseclub. An der Haaptsaach geet et awer ëm d'Erklärung zur Lag vun der Natioun an ëm di opgereegten Diskussiounen do ronderëmer.
Ass dat wat mer gesinn an héiere wierklech d'Wourecht? Wourëms geet et all deenen, di vum Wuel vum Land schwätzen, mä mat den Aen glënneren, wann et haart Diskussiounen an der Regierung ginn a Neiwahlen, wéi eng Fata Morgana um Horizont opdauchen? Ween huet wat eigentlech schonn ëmmer gesot a viru wat gewarnt? Ass et wierklech Sträit wann CSV an LSAP kontrovers diskutéieren, ass et clever, datt se dat an der Ëffentlechkeet ausdroen oder ass et einfach den Ausdrock vun deem, wat sech der vill am Fong erwaarden, nämlech den Ausdrock vun enger Sträitkultur. Streide fir aus enger komplizéierter Situatioun erauszekommen, eppes Neies opzebauen, fir zum Beispill och aus där duerch d'Finanzplaz geprägter Monokultur vun eiser Economie erauszekommen? Wat soll een zeréckbehalen aus de leschte Wochen a wat soll geschéien, am Interessi um Land? Dat ass eist grousst Thema an eiser Journalisteronn. A sidd berouegt: D'Stéchwuert Index fällt natierlech och. 60 Joer sinn et haut hir dat den deemolege franséischen Ausseminister Robert Schuman eng Ried gehalen huet, déi zur Grënnung vun der CECA, der Unioun vu Kuel a Stol gefouert an domadder de Grondsteen fir d'europäesch Unioun geluecht huet. Eng Gemeinschaft, déi op Solidaritéit opgebaut sollt ginn. Wat ass Rescht dovunner, wa mer iwwert d'griichesch Finanzkris schwätzen? Och dat ass een Thema haut. An da sprange mer trotz islännescher Äschewollek eriwwer op d'Insel wou duerch d'Wahlen zwar alles anescht komm ass, ma anescht ewéi geduecht. De Presseclub haut, dat sinn Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal, den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort an den Tom Wenandy vum Tageblatt.
De Presseclub op RTL, ëmmer Sonndes vun 11.15 Auer bis 12.