Wat wiele wa muer Wahle wieren? Dat ass eng vun de Froen dëse Sonndeg am RTL Presseclub.

Invitéen beim Marco Goetz sinn d'Michèle Sinner vum Lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, den Tom Wenandy vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.Ausser, datt d'LSAP am Süden, vläit, ënner Ëmstänn, deemno wéi, ee Sëtz misst un di Gréng ofginn, ännert sech näischt. Status Quo souzesoen op d'mannst wat d'Sëtzverdeelung ugeet. Dat konnt een an der Tageblatt-Politmonitor liesen.

Business as usual wéi et schéngt also wat Politiker a Parteien ugeet an dat no allen Diskussiounen, Scharmützelen a Nervositéit an der Koalitioun a ronderëmmer. An dobäi heescht et ëmmer, wat d'Politik ugeet, dat sou wéi et ass et net méi ka bleiwe wa mer net griichesch Verhältnisser oder mat der Titanic ënnergoe wëllen.

Dat ass een Thema haut am Presseclub. Donieft geet et natierlech och ëm d'Wahlen an der Belsch an an Holland, eise BeNeLux-Partner.

Da geet et ëm 300 Milliounen Euro, déi beim Staat méi an d'Kees erakomm sinn, Suen iwwert déi sech gefreet gëtt, ma Suen, déi awer d'Spuermesuren net iwwerflësseg maachen. Domadder si mer am Hierscht a bei der Kompetitivitéit. Mir si bei de Pensiounen a beim Gesondheetssystem. Wéi vill muss a kann een do änneren, fir strukturell bedéngt di richteg Weichen ze stellen an ouns datt et no Revolutioun richt?

Da geet et ëm d'Fro wat firwat wéini besser ass: ee staarken Euro oder ee méi schwaachen?

Net feelen duerf haut dann och de Sport. Wee gëtt Weltmeeschter um grénge Wuess, dat ass di eng Fro an di aner ass: wéi vill eng eenzeg butzeg Sekonn kann uriichten.