Bis erof a Südafrika geet et am RTL-Presseclub. Nieft Fussballweltmeeschterschaft schwätze mer awer och iwwert méi serieux Froen ...

... zum Beispill: Wéi geet et der Economie vum Land?

Dat ass eng gutt Fro. Eng Fro, op déi et awer leider keng kloer Äntwert gëtt, op d'mannst keng, déi jiddereen zefridde stelle géif.

Eigentlech reduzéiert sech alles op Noutwennegkeet vu Spuermesuren. Musse mer de Rimm méi enk zéien oder net? Do ginn dann d'Zuelen, Prognosen a Statistiken auserneegeholl wéi deemools d'Gedäerms vun iergendengem onschëllegen Déier. Sou léisst sech zwar d'Zukunft net viraussoe, ma et kann ee Stëmmung maachen. Da feelt just nach heiansdo d'Zauberwuert Index an op der enger wéi op där aner Säit fänkt d'Zopp u mat Kachen. Wéi waarm musse mer déi Zopp dann iessen? Doriwwer schwätze mer an der Ronn vun eisem Presseclub.

D'Manif vun de Patronen elo en Dënschdeg duerf do natierlech net feelen. Nationalfeierdag ass och een Thema bei eis. Wee feiert do wat a wéi eng Gedanke gi sech op sou engem Dag gemaach?

Aner Gedanken dréine ronderëm de Kim Kirchen, deen zum Gléck elo um Wee vun der Besserung ass. Beim Tour de France ass hie wuel net derbäi, dofir awer den Andy an de Fränk Schleck. Deenen hir Leeschtungen bis ewell loossen hoffen, datt um Podium zu Paräis och de Lëtzebuerger Léiw präsent ass.

Do duerf een da just hoffen, datt där schrecklecher Trotere keng derbäi sinn, sou wéi op der Fussballweltmeeschterschaft. Déi Vuvuzela lenkt ganz schéi vum Spill of, wat eigentlech net schlëmm ass, wierklech grousse Fussball gouf do, wéi muncher ee seet, jo nach net gebueden. Vläit jo da bei Däitschland-England.

Invitéen am Presseclub beim Marco Goetz sinn Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, Marc Glesener vum Lëtzebuerger Wort, Claude Karger vum Journal a Lucien Montebrusco vum tageblatt.