RTL-Presseclub vum 11. Juli: Index, Belval ... a Sport!

Rieds geet ënnert anerem iwwert d'Manif vun de Patrone virun der Chamber an den Index, iwwert Esch-Belval an d'Fussball-WM an den Tour de France.
700 Patronen, déi der Handwierkerfederatioun no d'lescht Woch virun der Chamber waren, an iwwer 2.000 Entreprisen, déi eng Petitioun ënnerschriwwen hunn, geet et elo duer. Si bekloe sech weider doriwwer, dass si u Compétitivitéit géintiwwer dem Ausland verléieren, ë.a. duerch den Index, dee si penaliséiere géif.
D'Majoritéitsparteie leien an där Fro alles anescht wéi op enger Linn, solle bis den Hierscht awer mathëllefen, eng Léisung ze fannen, fir dass d'Tripartite vun dann net erëm en Échec gëtt. Kréien d'CSV an d'LSAP hir Ënnerscheeder an där Fro iwwerwonnen? Doriwwer diskutéieren déi 4 Journalistekollegen.
Invitéë beim Eric Ewald sinn den Nic Dicken vum Journal, de Jean Rhein vum Quotidien, den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort an den Aly Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.
Weider Sujete sinn de Projet Esch-Belval, vun deem dës Woch vill Rieds war, engersäits duerch Kritik um Stat, anerersäits duerch Aussoe vun engem franséische Minister, an dann natierlech och d'Fussball-Weltmeeschterschaft an den Tour de France.
De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.