Manif géint d'Spuermesuren an dann de Kaméidi wéinst der Ausweisung vun de Roma aus Frankräich, dat sinn eis zwee grouss Themen am Presseclub.

Esou lues muss ee sech nämlech froen, wat dann am Land vun de Mënscherechter lass ass. Franséisch Politiker veriere sech am Toun a weisen op alle Fall, datt se d'europäesch Traitéen net gelies oder verstanen hunn. Da stellt ee franséische Senateur d'Existenzrecht vun eisem Land a Fro.

An alles dat, well gewot gouf ze kritiséieren, datt Frankräich Roma ausgewisen huet, massiv an ondifferenzéiert, wat dem europäesche Recht no hautdesdaags net esou "ohne" ass an ënner Ëmstänn no och net ouni Konsequenze bleift.

Mat eisen Invitéen am Presseclub diskutéiere mer also iwwert de Kaméidi tëscht dem Sarkosy, dem Europaparlament an der EU-Kommissarin Viviane Reding.

An deem Kontext schwätze mer dann och iwwert ee Buch, datt fir héich Welle gesuergt huet, besonnesch an Däitschland, nämlech d'Buch vum Theo Sarrazin. Den Nach-SPD-Member a Net-Méi-Bundesbank-Member hat sech jo Gedanke gemaach iwwert d'moslemesch Immigratioun an Däitschland an de Konsequenzen dovunner op säi Land. Eng Partie Wierder, déi hien a sengem Buch benotzt huet, ware verschiddene Läit een Daar am A, notament der Spëtzt vu senger Partei. Am Vollek iwwerdeems ass d'Meenung, datt de Sarrazin guer net esou onrecht huet. Pro a Contra och dat een Thema, mat drugeknäppt der Fro, wéi et da mat der Integratioun vun de Moslemen zu Lëtzebuerg ass.

Da schwätze mer natierlech och iwwert d'Manif dës Woch vun de Gewerkschaften géint Spuermesüren vun der Regierung an iwwert d'Oekofoire.

Mat derbäi an dësem Presseclub: den Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der Woxx, de Lucien Montebrsuco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.