Dopingreprochë géint den Alberto Contador, d'EU-Kommissioun géint Frankräich an de Lëtzebuerger Sozialmodell am Test, dat sinn d'Themen am RTL-Presseclub.

Den Index ass beileiwen net alles, ma deen Index ass awer de Barometer vun der Stëmmung am traditionelle Lëtzebuerger Dräiermodell tëscht Gewerkschaften, Patronat a Regierung.

Frou, zefridden, faule Kompromëss, Jobkiller, alles anescht ewéi eng gutt Léisung, dat sinn Echoen op dat, wat Regierung a Gewerkschafte leschte Mëttwoch annoncéiert hunn.

D'Patronat ass enttäuscht a kritt Ënnerstëtzung vun der europäescher Zentralbank a vun der Kommissioun: Den Index passt net an de System vun der Währungsunioun, e steet der Lëtzebuerger Kompetitivitéit am Wee, well eis Paien ze séier klammen, heescht et do.

Gëtt do versicht ze beweisen, wat bewise muss ginn? A weem seng Pai ass ze héich, an u wat gëtt dat alles eigentlech gemooss?

Da geet et awer och ëm den Ëmgank vun der europäescher Kommissioun mat Frankräich. Wat gouf et do ee Gejäiz, wochelaang an um Enn beklot Bréissel ganz technesch a bal brav dat Frankräich een europäescht Gesetz net propper ëmgesat oder applizéiert huet. Datt et ëm Massenausweisunge vu Roma gaangen ass, gëtt kaum nach ernimmt. Zu Lëtzebuerg gëtt iwwerdeems een Aarbechtsgrupp agesat, well ee net genee weess, wat ee géif maachen, wa sech Roma bei eis wéilte néierloossen.

Deem enge säi Leed, deem aneren seng Freed. Wann den Alberto Contatdor nom Genoss vun engem Kallefsfilet komesch Bluttwäerter huet, da kënnt dat engem spuenesch fir. Op der anerer Säit hale mer net vill vu Virveruerteelungen an och doriwwer schwätze mer haut.

Mat derbäi sinn de Claude François vum Telecran, de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal an den Tom Wenandy vum Tageblatt.