RTL-Presseclub vum 17. Oktober: Dokteren, Patronen etc.

D'Dokteren op de Barrikaden an d'Patronat um héije Päerd, ënnert anerem dorëms geet et dëse Sonndeg am RTL-Presseclub.
D'Reform vun eisem Gesondheetssystem ass een Haaptthema haut am Presseclub an dat ass net vu Muttwëll.
Sou richteg huet een do nämlech nach net den Iwwerbléck. Weder doriwwer wat den zoustännege Minister eigentlech maache well nach iwwert d'Beweeggrënn vun den Dokteren, déi sech jo op méintelaang gewerkschaftlech Aktioune preparéieren an dem Minister prophezeien, datt hien seng Reform vergiesse kann.
D'Dokteren um héige Päerd ass also een Thema haut an da geet et awer och ëm d'Patron'en op de Barrikaden. Déi kennen zwar net wierklech streiken, ma awer dat maachen, wat den Dout fir all Partnerschaft ass, nämlech sech engem genossvollen a konstruktive Mateneen verweigeren.
Eng systemesch Therapie wier do net schlecht, nees leieren, datt de lëtzebuerger Sozialmodell méi ass wéi Erënnerunge vun engem al Häre Club ma och an haut virun allem derzou déngt sech no baussen an der globaliséierter Welt ze behaapten.
Vläit sollt een, fir d'Kreativitéit ze stimuléieren zum Genoss vu Cannabis opruffen. Fir den Dokter an Deputéierte Colombera ass déi Substanz ee Medikament, a quasi homeopatheschen Dose wuelverstanen. Wat soll een dovunner halen?
Mir schwätzen dann och iwwert d'Aarmut hei zu Lëtzebuerg oder villméi iwwert de Risiko an déi Aarmut eranzerëtschen. Dee Risiko ass nämlech bannent engem Joer serieux geklommen. Bei enger Koppel mat zwee Kanner leit d'Grenz fir net als aarm ze gëllen bei eis heiheem elo bei 3350 Euro de Mount. Vill Suen, ma si si néideg. Schold sinn d'Wunnengspräisser. Aarmt Lëtzebuerg, muss een do soen.
Mat derbäi waren de Richard Graf vun der Woxx, de Nic Dicken vum Journal, de Serge Kennerknecht vum tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.
De Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg, all zweete Sonndeg vun 11.15 Auer bis Mëtteg.