Een Thema am Presseclub: Wat fir eng Auswierkungen huet d'Resultat vun der Bipartite tëscht Regierung a Patronat op de Sozialdialog am Land?

Aner Froen: Gëtt et nom Service réduit vun den Dokteren an der Quadripartite vun dëser Woch nach Hoffnung op en Accord a Saache Gesondheetsreform? A sinn déi sougenannt kleng Länner d'Gewënner vum EU-Sommet zu Bréissel?

Ë.a. doriwwer schwätzen de Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt, den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort an den Aly Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.

De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.