RTL-Presseclub vum 14. November: Gesondheetsreform (I)

Dëse Sonndeg gi mer Iech nees Rendevous mam Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg. Eent vun den Haapthemen ass d'Reform vun eisem Gesondheetswiesen.
Den Ëmbau vun der franséischer Regierung ass een Thema haut. Donieft komme mer awer och net derlaanscht, fir bei de Sträit tëscht Dokteren a Gesondheetsminister de Bols fillen ze goen an emol méi ze probéieren ze verstoen, wou de Schong dann eigentlech genee dréckt.
Un d'Gesondheet schléisst sech d'Diskussioun ëm d'Suen, déi d'Land huet. An och do stinn d'Meenungen sech vis-à-vis. Et muss weider gespuert ginn, seet ënnert anerem de Minister Frieden, dobäi kritt dann d'Patronat awer eng Sprëtz vun 120 Milliounen Euro als Kompensatioun, wat Gewerkschaften a Staatsbeamtechamber an hirer Meenung bestäerkt, datt d'finanziell Situatioun vum Land manner schlëmm ass, an datt also manner, wann iwwerhaapt, gespuert muss ginn. Stéchwierder haut an eiser Journalisteronn sinn an deem Kontext de bëllegen Akt an d'Ufanksgehälter beim Staat.
Da verléiere mer natierlech och ee Wuert iwwert de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, deen zwar eng Grëtz frustréiert, ma op kee Fall um Enn ass. Trotzdem bleift d'Fro, firwat e Minister Problemer net léise kann, wann hie se bis entdeckt huet?
D'gëlle Fra ass een anert Thema haut. Anescht ewéi eise Pavillon vu Shanghai weess si, wou se hi muss, op d'mannst fir eng Zäitchen, nämmlech op Käerjeng. Do steet si dann eemol méi am Mëttelpunkt.
Da kucke mer iwwert d'Grenzen haut. Wéi gesot no Frankräich, wou de Premier demissionéiert huet a no Italien, wou d'Deeg vun dëser Regierung Berlusconi gezielt schéngen, ma wou kee weess, wéi a mat weem et no eventuellen Neiwahle soll weidergoen.
Mat derbäi haut beim Marco Goetz sinn de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal, den Tom Wenandy vum tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.
De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.