Et weess ee bal net wou ufänken, di leschten 2 Wochen an Deeg ware ganz räich un interessanten Themen. D'Gesondheetsreform gehéiert do natierlech derzou.

Grouss Fro haut: wat ass genee geschitt, dat d'Dokteren nees normal schaffen? An d'Fro hannendrunner: Wann de Gesetzprojet elo nei Elementer enthält, missten da net Chamber a Beruffskummeren, an och eng Patientevertriedung, Zäit kréien dat ze iwwerpréiwen? Dorauser ergëtt sech d'Fro, ob et gutt ass fir d'Gesetz iwwert eng Joerhonnertreform elo nach séier dëst Joer an der Chamber duerchzebaatschen?Da schwätze mer och iwwert d'“Netspuermesüren“. De bëllegen Akt bleift, d'Zënsbonifikatiounen och, d'Patronat kritt eng Kompensatioun fir Index an Hausse vum Mindestloun an d'Kilometergeld bleift och. Do versteet ee net ganz wat do geschitt a wéi et dem Land dann eigentlech finanziell geet an ob ee sech esou Hin- an Hier-Spillercher eigentlech erlabe kann ?

Brauch een d'Energie net op anere Plazen? Zum Beispill wann et drëm geet, an eiser Gesellschaft géint sexuelle Mëssbrauch a Gewalt virzegoen. De „Mea Culpa“ vun der Kierch beliicht jo just ee butzegen Deel. An der Schoul zum Beispill oder am Vereinswiesen gëtt et bestëmmt an där Optik vill ze dunn. Do duerf een d'Aan net verschléissen.

Mir wëllen och iwwert méi Positives schwätzen. 24 Joer nom Karlspräis kruten d'Lëtzebuerger e leschten Donneschdeg alleguerten nees ee Präis an zwar fir hiert Engagement an an ëm Europa.

An dann huet de Poopst iwwerrascht, an deems hien dem Gummi, d'Dier e Stéckelchen opgemeet huet. „ Das Kondom im Dom“ iwwerschreiwe mer deen Deel vun eisem Gespréich haut, an do sinn ech jo gespaant wat verzielt gëtt.

Héichkaräteg Besetzung haut. Invitéen vum Marco Goetz sinn de Nic Dicken vum Journal ass derbäi, de Richard Graf vun der Woxx, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.