RTL-Presseclub vum 12. Dezember: Gëlle Fra ... a Politik!

Leschte Presseclub fir dëst Joer. An dofir gëtt et souzesoen ee Freedefeier un Themen. Et weess en emol net, wou richteg ufänken. Vläit bei der Gëlle Fra?
Nodeems de Robert Goebbels se mat op Shanghai geholl huet, steet se jo dann elo dank dem Michel Wolter zu Käerjeng. Dann huele mer haut an eiser Journalisteronn d'Kristallkugel eraus a schwätze natierlech och iwwert d'Ëmfro am Tageblatt: Wat wier wann haut géif gewielt ginn? LSAP, ADR an CSV géifen ee Sëtz verléieren, DP, Gréng an di Lénk géifen ee gewannen, soen TNS-Ilres an Tageblatt.
De Staatsbudget 2011 hu mer och op der Lëscht stoen, mat vläit méi speziell an deem Kontext och der Fro, wéi et dann elo ass mat de Kompensatioune fir d'Patronat. Ass d'Regierung sech do eens? Akzeptéiert d'Patronat déi Hëllef iwwerhaapt?
Dann denke mer global a leide lokal. Schnéi, Äis a Minustemperaturen hunn eis Mëtt der Woch vill Suerge gemat, iwwerdeems zu Cancun iwwert di weltwäit Klimachangementer geschwat gouf. D'CO2-Bilanz vun deem Evenement ass beandrockend, d'Resultat awer manner.
Grad esou ass et mat der Pisa-Etude. An deem genormten Test schneiden eis Schüler net sou gutt of, wat awer just vläit nëmme beweist, datt ee Schoulsystemer net matenaner vergläiche kann. Oder? An déi Fro gi mer dann herno weider an d'Ronn.
Et gëtt spannend. A well haut di leschten Emissioun vum Joer ass maache mer och ee klénge Réckbléck op d'Joer 2010. Sot et awer wann ech gelift net weider, soss steet et nach op WikiLeaks. Och dat ass natierlech eist Thema haut.
Mat derbäi sinn de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal, den Tom Wenandy vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.