RTL-Presseclub vum 16. Januar: Cyclissem a Militarissem

Ëm eis Cyclisten op Palma an ëm eis Arméi mat 3 Cheffe geet et dëse Sonndeg am éischte Presseclub am neie Joer.
Tunesien, eis Arméi, d'Schwäiz an eis nei Vëlosequipe, dat sinn e puer vun den Themen haut. An da geet et och ëm d'Fro wéi eng Sproch an Zukunft an de Gemengeréit geschwat soll ginn.
Am Presseclub schwätze mer Lëtzebuergesch.
Babyloneschen Duerchernee soll schliisslech evitéiert ginn. Wéi dat an Zukunft an de Gemengeréit ass, ass net sou kloer. Op do de Buergermeeschter mam Conseiller X op Franséisch an da fir deen aneren op Däitsch schwätzt? All zesummen oder niefteneen?
Méi kloer ass dat bei engem aneren Thema haut. Eis Vëlosequipe. Vill Natiounen, vill Talenter sinn do zesummen, fir een Zil: nämlech fir de rout-wäiss-bloe Lëtzebuerger Stär um Ziklistenhimmel hell blénken ze loossen. D'Chancë sti gutt, datt eppes draus gëtt. An eiser Journalisteronn haut, friede mer de Bols.
Wat d'Team Leopard-Trek nach beweise muss, huet d'Ausstellung vun der gëlle Fra zu Käerjeng schonns gemat. Mat 10.000 Visiteure war um Ufank gerechent ginn, gëschter gouf deen 20.000sten empfaangen a bis de nächste Sonndeg, wa Schluss ass, sollen et der ëm 25.000 sinn.
Anere Sujet haut am Presseclub. Eis Arméi an hir 3 Cheffen. Wéi konnt et souwäit kommen? An deem Kontext schwätze mer iwwert d'Differenz tëscht der Personalpolitik beim Staat an an der Privatwirtschaft oder anescht formuléiert: Wéi grouss ass d'Fräiheet vun engem Minister, fir sech een Team zesummenzesetzen?
Do sollt ee sech enger Diskussioun net verschléissen, an dat gelt och wann et ëm de Roll vun der Schwäiz an der d'EU geet. Dir wësst ëm wat et geet? Mir schwätzen iwwert den Debat Juncker Blocher.
Méi eescht ass d'Situatioun den Ament an Tunesien. D'Leit op der Plaz wieren sech géint ee korrupte Regime a vill vun deenen, déi joerelaang dohinner an d'Vakanz gaange sinn, sinn erstaunt.
Mat derbäi haut als Invitéë vum Marco Goetz am Presseclub de Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der Woxx, d'Laurence Harf vum „Le Jeudi“ an den Ady Richard vum lëtzebuerger Wort.