RTL-Presseclub vum 30. Januar: Police a Presse an Ägypten

D'Aarbecht vu Politik, Police a Presse an donieft geet et awer och ëm d'Entwécklung an Ägypten.
Mat um Dësch setzen de Richard Graf vun der Woxx, d'Laurence Harf vum Le Jeudi, de Claude Karger vum Journal an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.
De Norde vun Afrika brennt, ma wierklech zu Afrika hunn déi meeschten Touristen, Länner ewéi Tunesien an Ägypten net gezielt, wa si bei Sonn a preisgënschtegem All-Inklusiv am Swimmingpool ee Pina Colada erofgeschott hunn.
Wat ass mat deene Länner, wat kenne mir, wat kann d'EU maachen, wéi Hëllefen? Dat ass een Thema haut an eiser Journalisteronn.
Mir schwätzen awer och iwwert d'Reform vun der Fonction publique, CGFP, also Staatsbeamtegewerkschaft a Regierung si sech am Prinzip eenz, datt ee reforméiere soll. Just allen zwee verstinn eppes aneres drënner an dat wat d'Regierung mengt ass esouwäit vun der Gewerkschaft ewech, datt déi prophylaktesch schonns mol Protest ukënnegt.
Wat ass d'Aarbecht vun der Presse? Dat froe mer eis haut am Kontext vun de ganzen Diskussiounen ronderëm d'Behuele vum Aarbechtsminister a vun der Police am Kontext vun engem Asaz an der Staat.
Wat ass d'Bedeitung vun där sougenannter Affär a wat sinn hir méiglech Konklusiounen?
Dat selwecht gelt am Kontext Arméi. Wat duerf de politesche Pouvoir maachen a wat muss een Offizéier akzeptéieren? Och doriwwer wäerte mer haut nach eng Grëtz schwätzen.
Et geet awer och ëm Dateschutz an eiser Emissioun, do war di leschte Woch jo den europäeschen Dag vun der Protectioun vun Daten. Dozou gehéiert och, datt vertraulech Informatioune vertraulech bleiwe mussen a net ewéi d'Reklamme vum Autofestival praktesch an all Boîte ze fanne sinn.
De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.