Ëm Bewäertungssystem an Ufanksgehälter an der Fonction publique geet et haut natierlech och an eiser Emissioun Presseclub.

Mat Nic Dicken vum Journal, Richard Graf vun der Woxx, Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort an Tom Wenandy vum Tageblatt diskutéiere mer iwwer d'Gehälterreform, déi eis déi nächsten Zäit wuel nach méi beschäftege wäert.

Sou wéi de Robert Weber an der Emissioun Background betount huet, geet et drëm, fir sech den Diskussiounen ze stellen a net einfach Nee ze soen. Ëm wei eng Paien geet et wierklech, wéi héich si se a wat bréngt eng Bewäertung vun der Aarbecht?

A firwat ass den OGBL esou 100%eg op der Linn vun der Staatsbeamtegewerkschaft? Och déi Fro gehéiert derzou.

Da féiert haut an eiser Journalisteronn wuel kee Wee laanscht Ägypten. D'Land ass frei. Et ass keen Enn ma een Ufank, liest an héiert een. Ma ginn esou Sätz der komplexer Situatioun am Land vun de Pyramide gerecht?

Dann intresséiert eis haut besonnesch awer och wat d'Konsequenze vun där u sech friddlecher Revolutioun fir d'europäesch Unioun sinn?

No den Onrouen an Tunesien sinn di leschte 4 Deeg ëm 4 Dausend Flüchtlingen aus deem nordafrikanesche Land am Süde vu Italien ukomm. Kann dat och mat Ägypten passéiere respektiv mat anere Länner an där Regioun? Dem Yemen, Algerien?

De Süde vun der EU steet viru gréisser logistesch Problemer fir där humanitärer Erausfuerderung gerecht ze ginn. Dat werft eemol méi och d'Fro op, op europäesch Flüchtlingspolitik net misst anescht organiséiert ginn. Am Prinzip ass et jo esou, datt ee Flüchtling an deem Land bleiwe misst, an deem hie fir d'éischt op senger Flucht EU-Buedem betrueden huet. Do hunn Italien a Griichenland ma och Portugal, Spuenien a Frankräich schlecht Kaarten a maache net vu Muttwëll een Appel vu Solidaritéit un di aner EU-Staaten.

Stéchwuert Klima an der EU. Och do wëlle mer haut driwwer schwätzen. Dat wat déi däitsch Kanzlerin nämlech als hir Europapolitik verkeeft ass éischter „Am deutschen Wesen soll ihr genesen“. Bei allem Respekt, dat ass net ze akzeptéieren.

De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.