RTL-Presseclub vum 27. Februar: Depart Jean-Louis Schiltz

Wien gëtt wat an der CSV nom Depart vum Fraktiounschef Jean-Louis Schiltz? Ënnert anerem doriwwer schwätze mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub.
An der Theorie ass villes méiglech. Méi kleng a gréisser Mouvementer. De Michel Wolter gëtt de Posten vum Parteipresident op an iwwerhëlt d'Fraktioun.
Oder de Laurent Mosar gëtt Chef vun der Fraktioun an de Paul Henri Meyers gëtt Chamberpresident. Et kéint och sinn, datt de Marc Spautz un d'Spëtzt vun den CSV-Deputéierte kennt. Da bräicht d'Partei awer ee neie Generalsekretär. Och do kann ee sech kreativ Schachzich virstellen. Zum Beispill den Europadeputéierte Fränk Engel?
Um Enn gëtt awer och vläit dee Fraktiounschef, dee nom Depart vum Jean-Louis Schiltz schonns am Gespréich war, nämlech de Lucien Thiel. Wann et ëm e Gläichgewiicht tëscht de Bezierker geet, da wier dat do di einfachste Léisung.
Op alle Fall kann een iwwert d'Fro vun der Successioun vill spekuléieren an dat maache mer dann herno och.
Wa mer dann d'Nues iwwert de lëtzebuerger Horizont erausstrecken, lande mer eenzock am Norde vun Afrika. Do kuckt den Ament d'Welt virun allem op Libyen. Deen a rezenter Vergaangenheet vu net wéinege Politiker, wéi Sarkozy a Berlusconi, hofféierte Pauseclown Ghaddafi steet ëmmer méi alleng op der Bühn an et dauert wuel net méi laang, da fällt de Rideau.
Och dat ass een Thema haut an eiser Emissioun.
Op der gutt gefëllter Lëscht vu Stéchwierder stinn da nach d'Walen zu Hamburg, den Ex-Dokter Guttenberg oder d'Belsch, di zënter 257 Deeg mat enger Iwwergangsregierung funktionéiert, wat Weltrekord ass.
National kéint een da nach iwwert de neie Schoulrhythmus schwätzen oder iwwert d'Moslemen zu Lëtzebuerg.
Mat um Dësch sëtzen de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum tagteblatt an de Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort.