Ganz egal ob gréng, rout oder giel - Äppel schmaachen net nëmme gutt, ma och richteg gesond. Um Spréchwuert "One Apple a day keeps the doctor away" schéngt eppes drun ze sinn. Vill Vitaminnen wéi Betakarotin, E, C, B a Folsaier, Mineralien esou wéi wichteg Spuerenelementer fanne mer an engem Apel, donieft stécht an der Schuel nieft sekundäre Planzestoffer och Pektin dran, dee sat mécht.  

30/07/2025 One apple a day

Fakt ass, dass den Apel ënner anerem an Europa d'Lieblingsuebst vun de Leit ass, ma ronderëm dat wäertvollt Uebst strécken sech awer och Mythen a Seechen, déi mer haut méi genee ënnert d'Lupp huelen, wéi zum Beispill gréng Äppel sinn ëmmer sauer, a rouder ëmmer séiss, Michèle Schons?

Grell Faarwe wéi giel a gréng associéiert ee séier mat Saier. Liewensmëttel a waarme Faarwe wéi rout oder orange dogéint mat Séisst. Stëmmt a ville Fäll och, ma beim Apel hänkt de Geschmaach net vun der Faarf of ma ganz einfach vun der Zort. Esou ass de Breaburn oder de Boskoop zwar rout, dofir awer net onbedéngt séiss. E séisse Goût ass och keen Indicateur dass méi Zocker dran ass, ma déi aner Äppel hunn einfach méi Saier. Rout Äppel lackelen awer méi, vun dohier gräife mer automatesch zu där méi gesonder Variant, well an deene rouden Äppel dräimol méi Vitaminne sinn, wéi an engem Granny Smith zum Beispill.  

Wéi ass et mat den Äppelkären? Do gëtt jo behaapt, déi wäre gëfteg, duerf een déi matiessen?

Jiddereen huet esou seng Gewunnecht an Apel z'iessen, déi eng mat, déi aner ouni Batz. D'Behaaptung dass d'Käre gëfteg Blosaier enthalen ass net ganz falsch, et ass Amygdalin dran, dat am Kierper zu Blosaier ëmgewandelt gëtt, awer nëmme wann ee beim Iesse kräfteg op d'Käre bäisst. An esouguer dann ass et wéi ëmmer d'Dosis déi d'Gëft mécht, déi fräigesate Quantitéit ass esou kleng, dass se näischt ausmécht. Wien also ee bis zwee Äppel den Dag mat de Kären ësst, brauch sech keng Gedanken ze maachen.

Wéi gesäit et mat där Wuessschicht aus, déi dacks iwwert den Äppel ass, muss een déi ofwäschen?

Wien am Buttek d'Äppel an de Kuerf leet, de bemierkt séier eng Wuessschicht, déi wéi e Film ëm den Apel läit. Den Apel fillt sech speckeg un a séier huet een d'Gefill, dass een déi ofwäsche muss. Tatsächlech awer ass dat en natierleche Schutz virun Insekten, deen déi meescht Äppel selwer bilden. Déi beschützt den Apel och virum Ausdréchnen, dofir gëtt se mat der Lagerung och ëmmer méi déck. Et ginn awer och Uebstbaueren déi mat Beiewuess nohëllefen, dass den Apel méi blénkeg ass, do besteet och keng Gefor wann een déi matësst. Wien dat net wëll kann den Apel mat Waasser an e bëssen Natron wäschen a mam Kichenduch gutt ofrubbelen.

E weidere Punkt fir d'Gesondheet si Polyphenoler am Apel. Al Zorte, wéi Jonagold, Cox Orange oder Breaburn hu vill Gerbstoffer dran, wat een um liicht battere Geschmaach erkennt. Am Nomëtteg no hallwer 3 bäisse mer nach emol an de saueren Apel fir den 2ten Deel vun eisen Äppel Mythen.

RTL

© unsplash

Hei kommt Dir bei e weidere Sujet: