Egal ob am Kuch, als Kompott oder einfach pur als Snack - den Apel ass gesond an et kann een en op vill Manéiere verschaffen. Beim Kaf gëllt fir déi meeschte Leit: Gréng ass sauer a rout ass séiss. Dass dat awer net ëmmer de Fall ass, dat hu mer de Moie schonn héieren, ma wat fir Mythe gëtt et nach ronderëm den Apel, Michèle Schons?

30/07/2025 An de saueren Apel bäissen?

"Bio". Och wann dat klengt Wuert Nohaltegkeet suggeréiert, gëllt beim Uebst a Geméis ëmmer - net Bio, ma saisonal a regional. Wien ausserhalb der Saison keeft, huet meeschtens en Apel aus ökologescher Produktioun deen an Neiséiland oder am Chile ugebaut gouf an opgrond vum laangen Transportwee net méi vill Bio dra stécht. Am beschten ass et regional awer och wärend der Saison, also am Hierscht ze kafen.

Wéi ass et wann een en Apel opschneit an net direkt ësst? Dee Gëtt jo brong. Ass en dann nach gutt fir z'iessen?

Ugeschnidden Äppel verdierwen zwar méi séier wéi ganz Äppel, ma och wann d'Fruchtfleesch sech brong fierft, ass dat nach laang keen Zeechen, dass en net méi ze genéisse wär. Dass den Apel brong gëtt, ass en natierlechen Oxydatiounsprozess, deen duerch de Kontakt mam Sauerstoff an dem Enzym Tyrosinase ausgeléist gëtt. Dat Ganzt léisst sech mat e bëssen Zitrounejus evitéieren an och d'Lagerung am Frigo mécht dass d'Äppel trotzdeem frësch bleiwen, well d'Keelt de Stoffwiessel vun den Zelle bremst.

Ass et och wouer, dass d'Sonn d'Äppel rout fierft?

Nee, déi rout Bäckelcher, déi mer bei villen Äppel kennen, kommen net duerch d'Sonn, wéi vill Leit mengen. Et sinn d'Temperaturënnerscheeder déi duerch de Wiessel tëscht Dag an Nuecht optrieden déi fir déi rout Faarf suergen. Wat d'Nuechte méi kal sinn, ëmsou méi intensiv d'Faarf. Praktesch de selwechte Prozess wéi bei de Blieder am Hierscht. Donieft spillt och d'Zort vum Apel eng Roll, de Granny Smith zum Beispill, dee bleift gréng, och wann en zeideg ass.

Dat englescht Spréchwuert "One apple a day keeps the doctor away" faasst déi gesond Wierkung vum Apel plakativ zesummen. Natierlech ass den Apel keen alles-Heeler, an awer steet en als Symbol fir eng gesond Ernierung.

RTL

© pixabay

Hei kommt Dir bei e weidere Sujet: