
Dës Kéier si mir wuertwiertlech mat der ULT op der ganzer Welt ënnerwee.
D’Catherine Havé hëlt eis mam Bus mat an de Schwarzwald an an Éisträich, den David Lentz de Mister Croisière bei der ULT - fiert mat eis op Venedeg a souguer bis an d’Karibik! D’Lydia Heinisch bréngt eis mental schonn a Lappland, Zypern oder Namibia an et huet dës Woch Verstäerkung mat derbäi an dat mam Anne Marte Solberg lokalen ULT-Guide aus Norwegen.
Dir héiert also, et gëtt vill z’entdecken – dofir lauschtert all Dag eran oder kuckt och elo schonn op ult.lu.