Déi 12 Joer jonk Eloïse-Marie Aubert huet als Solistin mat hirer Gei mam 3. Saz vum Mendelssohn sengem Concerto fir Gei en mi mineur de ganze Sall faszinéiert. "Do stécht sécher ee grousst Talent dohanner, awer och ganz ganz vill Aarbecht", sot eis de Gast Waltzing, deen dëst Joer Invité bei der Iwwerdroung vun der Feier war,.
Déi jonk Violonistin ass Schülerin am Stater Conservatoire bei der Professer Vania Lecuit an huet scho mat 4 Joer ugefaangen, Gei ze spillen. Si huet sech och international schonn een Numm an der Musekszeen gemaach. D'lescht Joer hat d'Eloise Aubert den 32. internationale Concours fir Gei Andrea Postacchini an Italien gewonnen. Si war déi bescht ënner 120 Participanten aus 37 Länner. Et si Jonker ugetrueden, déi tëscht 1993 an 2017 gebuer sinn. 2024 war d'Eloïse och éischt beim "Concours des Jeunes Solistes" vun der UGDA a war 2025 beim internationale Rubinstein-Concours, wou Jonker tëscht 8 a 15 Joer untrieden, op déi 3. Plaz komm. Dem jonken Talent gëtt eng grouss Karriär virausgesot. An der Philharmonie gouf et Standing Ovatioun fir déi jonk Solistin.