
De Parquet deelt mat, datt den Auteur vum Facebook-Kommentar "Mir mussen och hei kempfen an LGBTQ vernischten" wéinst Opruff zu Haass zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro verurteelt gouf. Dee Kommentar war den 8. Februar 2025 op Facebook ënnert engem Bäitrag vum ADR-Deputéierten Tom Weidig publizéiert ginn, dee sech op d'Participatioun vun Transgenderfraen am Fraesport bezunn huet.
Den Auteur vum Kommentar gouf de 17. Juni 2026 wéinst Opruff zu Haass zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro verurteelt. Dernieft huet hie symbolesch 25 Euro un d'Associatioun "Rosa Lëtzebuerg" misse bezuelen.
Déi Leit, déi de Kommentar geliked hunn an identifizéiert goufen, kruten e geschriwwenen Avertissement vum Parquet.