
2013 huet Parkinson Lëtzebuerg den ‘Centre d’information, de consultation et de rencontre La Tulipe’ zu Leideleng an d’Liewe geruff. Dëst ass eng Plaz déi kreéiert gouf vu Betraffenen fir Betraffener déi sech zur Aufgab gesat hu concernéiert Leit an hir Familljen zesummen ze bréngen an am Ëmgang mat der Krankheet ze begleeden.Parkinson Lëtzebuerg seet: Parkinson ass eng Erausfuerderung, keen Doudesurteel! Vu Ladies Chat bis Ping Pong bidden si eng Hellewull un Aktivitéite fir Concernéierter.
Méi Infoen op parkinsonlux.lu
