
Dat ganzt Land zitt et den Ament nees an eis schéin Haaptstad! Well um Glacis heescht et nees Schueberfouer!
Do wou fréier de giele Béier-Kinnek an hannendrun d’Taverne vun der Schueberfouer hier Plaz fonnt haten, ass vun dësem Joer un d’Taverne Gambrinus!
Dir kritt hei vum Spiiss, Poulet, Hachsen, Fierkelsbrot, Speck, Lëtzebuerger Klassiker an natierlech och vegan Platen.
De Battin dierf natierlech och net feelen!
Lauschtert dës Woch all Dag an eisen Top Aktuell eran oder kuckt elo schonn op Facebook.