
Déi puer Méint op dem speziell gebaute Rollbriet hätte grouss Succès gehat: Déi méi wéi honnert Kilo schwéier Deckelsmouk Helmuth aus dem Zoo zu Gelsenkirchen kéint rëm ouni Ënnerstëtzung goen.
Déi iwwer 20 Joer al Deckelsmouk leit ënner Schëllerarthritt an hat dowéinst d’lescht Joer e Rollbriet kritt, fir d’Schëllergelenker z’entlaaschten. Zanterdeem géing den Helmuth sech nees léiwer beweegen a wier méi agil ginn. D’Plastikschuel, an déi d’Déier geluecht gouf, sollt och dobäi hëllefen, duerch d’Beweegung d’Muskelen ze trainéieren.
D’Déierefleeger hätten d’Zäite mam Briet, dat mat Gurten um Panzer festgemaach gouf, lues a lues ëmmer méi limitéiert. An Ofstëmmung mat der Veterinärin wier dunn decidéiert ginn, datt d’Deckelsmouk sech virop nees ouni Hëllef beweege soll.
Den Zoo iwwerwaacht den Helmuth zwar nach weiderhin, hofft awer, datt d’Déier weider ouni Rollbriet auskomme wäert. Déi speziell Produktioun vun engem Orthopedie-Techniker, déi den Zoo am Summer 2021 presentéiert hat, läit awer prett fir de Fall, datt d’Schildkröt dach nees eng Géihëllef brauche géing.