
Wärend der Etüd hu si gesinn, wéi d’Schimpansen Insekte gefaangen hunn an domat hir Wonne verheele gelooss hunn. Deemno hätten d’Insekte wuel Stoffer a sech, déi hëllefen, Blessuren ze heelen. D’Fuerscher schwätze vun “entzündungshemmenden” oder antiseptesche Substanzen.
Am Loango Nationalpark am Gabun ënnersichen d’Fuerscher eng Grupp vu 45 Schimpansen. Heibäi kucke se virun allem op hir sozial Bezéiungen, Sträit mat anere Gruppen, hiert Juegd-Verhalen an hir kognitiv a kommunikativ Fäegkeeten.
15 Méint iwwer hunn d’Wëssenschaftler dobäi 76 Fäll vun oppene Wonnen dokumentéiert, 22 dovunner goufe mat Insekte behandelt.