
An enger Welt, an där alles ëmmer méi séier geet, kann eng ultrarapid Internetverbindung Ären Alldag wierklech veränneren. Entdeckt mat dëse prakteschen Tipps, wéi een optimal vu Glasfaserleitunge mat bis zu 8,5 Gbit/s profitéiere kann!
Den Teletravail ass hautdesdaags net méi aus der Aarbechtswelt ewechzedenken, mat enger lueser Verbindung kann en awer ganz frustrant sinn. Eng Internetverbindung mat enge Vitess vu bis zu 8,5 Gbit/s séchert Iech:
Tipp: Aktivéiert de Wi-Fi 7 op Äre kompatibele Geräter, fir datt Dir doheem an all de Raim vun der voller Vitess profitéieren an d'Interferenzen an den Zone mat e puer gläichzäitege Verbindunge reduzéiere kënnt.
Gamer, dësen Tipp ass speziell fir Iech: Eng ultrarapid Verbindung bedeit manner Latenz a méi Reaktivitéit. Mat der Glasfaser:
Tipp: Aktivéiert de „Gaming“-Modus op Ärem Router, fir Äre Reseaustrafick wärend de Spillsessiounen ze prioriséieren.
Mat enger Vitess vu bis zu 8,5 Gbit/s kann d'ganz Famill hir Liblingsfilmer a -serië gläichzäiteg op verschiddenen Ecranen an HD-Qualitéit kucken.
Tipp: Investéiert an e Wi-Fi-7-System, fir am ganzen Haus vun enger zouverlässeger WLAN-Ofdeckung ze profitéieren. De Wi-Fi 7 gëtt nach net vun all de Provideren offréiert. Orange Lëtzebuerg bitt dës nei ultramodern Technologie awer schonn un.
Op Glasfaser ëmklammen ass einfach ewéi Bonjour! Esou geet et:
Tipp: Benotzt de 6-GHz-Frequenzberäich vum Wi-Fi 7, fir datt Är Verbindunge méi séier a manner iwwerlaascht sinn. Wann Är Livebox an Är Geräter kompatibel sinn, sollt Dir am beschten op dëse Beräich zeréckgräifen, fir vun enger maximaler Leeschtung ze profitéieren, besonnesch an engem Ëmfeld, wou vill Geräter ugeschloss sinn.
Momentan gëtt d'Offer Livebox Fiber bis zu 8,5 Gbit/s vun Orange Lëtzebuerg wärend den éischten dräi Méint fir 0 € ugebueden. Eng wonnerbar Geleeënheet, fir d'Leeschtung vun der Glasfaser an déi neist Wi-Fi-7-Technologie ze testen.
Wann Dir vun de Virdeeler vun enger Héichgeschwindegkeetsverbindung profitéieren an Är Internetverbindung nach weider verbessere wëllt, da kuckt elo op orange.lu oder kommt an de Shop, fir eis Offer Livebox Fiber ze entdecken.