Sponsored ContentBrëllefräi an all Alter: Problemer mat der Vue geziilt ugoen

RTL Lëtzebuerg

Hutt Dir de Brëll schonn nees vertässelt? Verrëtschen d'Kontaktlënsen dauernd? Dank enger Aelaserbehandlung bei Smile Eyes zu Tréier ass domat elo Schluss.

Well Smile Eyes ass säit ville Jore Spezialist um Gebitt vun der Korrektur vu Feelsichtegkeeten a ka bei de verschiddenste Problemer Ofhëllef schafen.

  • Gutt ze wëssen: E Sonndeg, de 14. Mee um 11.30 Auer fënnt en Infobrunch zum Theema „Gesinn ouni Brëll“ am Mercure Hotel Trier, Porta-Nigra-Platz 1, statt,

fir den Dir Iech gratis umelle kënnt. Op der Plaz kënnt Dir Iech duerno bei Kaffi a Mëtsch mam Referent austauschen a Froe stellen.

Hei geet et direkt zur Umeldung fir déi gratis Infoveranstaltung

.

Sou e Brëll ka schonn nerveg sinn: Mol léisst een en iergendwou leien, mol fält en engem op de Buedem a geet futti a wann een de falsche Modell erwëscht huet, gëtt et séier onangeneem op der Nues.

Fir all dës Problemer bitt Smile Eyes Léisungen!

Well d'Aenexperten hunn sech scho säit iwwer 20 Joer op Aelaserbehandlungen a Lënsenimplantatioune fir e Liewen ouni Brëll spezialiséiert. Am neien a moderne Site an de Bobinethäff zu Tréier offréiere si en ausgibeg Behandlungsspektrum. Héichmodern Diagnostik- a Behandlungsapparater, ë.a. den neiste Femtosekonnelaser vun Zeiss, erméiglechen d'Korrektur vu verschiddenste Feelsichtegkeeten. Ob Kuerz- oder Wäitsiichtegkeet, ob Hornhautverkrümmung oder Alterssiichtegkeet, d'Experte vu Smile Eyes bidde fir all Patient dat individuell bescht Verfaren.

Iwwregens: Wie scho weess, dass en Interessi un enger Laserbehandlung huet, kann och direkt e Berodungstermin arrangéieren.

All A ass anescht! Dowéinst ass eng individuell Berodung virun enger Aelaserbehandlung besonnesch wichteg. Bei Smile Eyes heescht dat konkret: Éier dass Dir Iech fir oder géint en Agrëff decidéiert, gitt Dir bei engem Berodungstermin ausgibeg ënnersicht an informéiert. Wärend dësem Rendez-vous erkläert Iech e vun den Dokteren aus dem erfuerenen Team och déi verschidde Méiglechkeeten an Ärem individuelle Fall.

De Spezialist schafft z.B. mat der besonnescher SMILE-Method (och ReLEx smile genannt), dem bewäerte Femto-LASIK-Verfaren oder och der LASEK/PRK. Am Beräich vun der Lënsenimplantatioun kënnen d'Smile Eyes Dokteren op jorelaang Erfarung mat der Implantatioun vun zousätzleche Lënsen (ICL) oder mam Austausch vun der kierpereegener Lëns mat Multifokallënsen zeréckkucken.

All Agrëff dauert just e puer Minutten a gëtt ambulant duerchgefouert. Bei der minimalinvasiver SMILE-Method kënnt Dir schonn den Dag drop nees Auto fueren oder Sport maachen. Och bei deenen anere Methode sidd Dir just kuerz Zäit liicht ageschränkt, respektiv ass et recommandéiert, nach e bësse virsiichteg ze sinn.

Am Video kënnt Dir Iech en éischten Androck vun der Aarbecht vu Smile Eyes Tréier maachen:

Smile Eyes Trier
.

Kontakt
Smile Eyes Trier
Bobinethöfe 20
54294 Trier

trier@smileeyes.de | www.smileeyes.de/trier

Back to Top
CIM LOGO