Illingen am Saarland77 Joer ale Mann stierft no Ausernanersetzung mat zwou Fraen

AFP, iwwersat vun RTL
De Mann huet d'Fraen ugeschwat, ewéi dës an eng Wunneng wollten abriechen.
© AFP (Archiv)

D'Faite goufen elo réischt bekannt, mä gi schonn op e Freideg zréck. Zu Illingen am Saarland ass e Mann vu 77 Joer no enger Ausernanersetzung mat zwou Frae gestuerwen, déi no Sue gefrot hunn. Si wieren vun Haus zu Haus gaangen, mam Virwand, Suen ze sammelen.

Si hunn och probéiert, an eng Wunneng anzebriechen. Wéi de Mann dat gemierkt huet, huet hien d'Fraen drop ugeschwat. Déi hunn hien doropshin op de Buedem gestouss. De Mann ass dobäi sou schlëmm um Kapp blesséiert ginn, datt hien an der Nuecht op e Samschdeg an der Klinik u senge Blessure gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO