Sponsored ContentLokaalt a saisonaalt Uebst fannen an ubidden

Natur- & Geopark Mëllerdall

Kierfchen.lu ass déi national Plattform ronderëm regionaalt a saisonaalt Uebst aus de Lëtzebuerger Bongerten

An de Bongerten am ganze Land wiisst lokaalt an ongesprëtzten Uebst, dat awer leider dacks net méi verwäert gëtt. Fir all déi, déi op der Sich no Uebst sinn oder es ofzeginn hunn, gëtt et elo eng praktesch a gratis Léisung: kierfchen.lu.

Hei kann een erausfannen, wou Uebst fräi gepléckt oder ofkaaft ka ginn. Donieft kënne Benotzer och Annonce schalten – entweder fir Uebst ofzeginn oder well se selwer no enger bestëmmter Quantitéit sichen. Bei kierfchen.lu ka jidderee matmaachen: egal ob een e ganze Bongert oder just eenzel Beem am Gaart stoen huet.

Am Géigesaz zur Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère, wou een d’Uebst ouni Récksprooch mam Proprietär vun de Beem plécke kann, bitt kierfchen.lu d’Méiglechkeet, nach eppes fir säin Uebst ze kréien. Natierlech kann een säin Uebst och tauschen oder gratis ofginn. D’Proprietären hunn z.B. d’Méiglechkeet hiert Uebst scho gepléckt unzebidden a musse keen Accès bei hier Beem erlaben.

Och Produzenten a Restauranten, déi lokaalt Uebst weiderverschaffen, sinn um Portal vertrueden. Donieft fënnt een och Annoncë fir Beiestellplazen, fir de Verkaf an d‘ Verpachtung vun Terrainen, fir Eventer ronderëm d’Bongerten a villes méi. Bei kierfchen.lu geet et net nëmmen ëm d’Uebst selwer, mee et soll och gewise ginn, wéi vill Produkter aus dem Bongert kommen, an dat souwuel direkt (z.B. Jus, Gebeess) wéi och indirekt (z.B. Schofswoll, Hunneg).

Ween méi iwwer Bongerte wëll gewuer ginn, dee kann sech um Site vu kierfchen.lu informéieren a fir d'Newsletter umellen, déi all dräi Méint verschéckt gëtt. Dësen informéiert iwwer aktuell Themen a saisonal Aarbechte ronderëm d‘Uebstbeem.

Weider spannend Informatiounen iwwer de Liewensraum Bongert fannt dir am Video vun der Naturparkschoul an op kierfchen.lu.

Back to Top
CIM LOGO