Tëschefall um FindelKlenge Privatfliger bei Landung verongléckt, Pist den Ament deels gespaart

RTL Lëtzebuerg
Aktuell sinn um Fluchhafe just eenzel Departe méiglech a lande ka grad keng Maschinn, well deen accidentéierte Fliger nach op der Pist hënnert.

E Sonndeg am Nomëtteg koum et RTL-Informatiounen no zu enger Brochlandung vun engem klenge Fliger op der Landepist vum Findel: D'Antonov2 ass mat engem Flillek op d'Pist geschloen.

De CGDIS huet RTL en Asaz um Findel confirméiert, awer ouni Detailer ze nennen. Lux-Airport huet sech bis ewell nach net geäussert.

Beim Virfall soll keen eeschthaft blesséiert gi sinn.

Um Site vu Flightradar24 gesäit een den Ament, datt ee Luxair-Vol nach net ka landen. Och eng Rei Lux-Airport-Gefierer gesäit een den Ament op Flightradar24 op der Landepist fueren.

Um Site mat den Departen an Arrivéeë gesäit een dann och, datt e sëllege Flich, déi an den nächste Stonnen ukomme sollen, sech verspéiden oder ëmgeleet gi sinn. Eenzel Maschinne goufen ewell deviéiert.

Vu Passagéier kritt RTL gemellt, datt aktuell "Chaos" um Findel wier an eng Partie Fligere mat Verspéidung fortfléien. Esou zum Beispill e Vol vu Ryanair op Palma, deen elo mol viraussiichtlech zwou Stonne Verspéidung kritt, well kee Slot fräi wier.

Back to Top
CIM LOGO