Eng Präzisioun déi Dir gesitt… a fillt!
95% vun de Mënschen, déi e Brëll droen, si méi sensibel ewéi d'Stäerkt vun der visueller Korrektur vun 0,25 Dioptrien, déi um Marché als konventionell Moos ugesinn ass. D'Glieser vun AVATM, déi zanter kuerzem d'Welt vun der Optik revolutionéieren, erméiglechen dem Team vun OPTIQUE NOTHUM, Är exakt Korrektioun digital ze moossen. D'Opronnen op déi konventionell Moos vun 0,25 Dioptrien ass domadder net méi néideg.
OPTIQUE NOTHUM...
- 40 Joer Fachwëssen: Säit véier Joerzéngten stelle mir vun OPTIQUE NOTHUM eise Knowhow an den Déngscht vun Ärem visuelle Confort. Eist Expertenteam steet Iech ëmmer zur Verfügung, fir Iech Léisungen unzebidden, déi Äre spezifeschen Ufuerderungen ugepasst sinn.
- Qualitéit a Präzisioun: Eis Optométristen bidden Iech eng héich präzis Vue, genau bis zu 0,01 Dioptrien, also eng visuell Korrektur, wéi Är Aen se wierklech brauchen.
- En aussergewéinleche Service um Client: Mir vun OPTIQUE NOTHUM sinn ëmmer bestrieft, Iech an all Etapp, e ganz perséinlechen a qualitativ héije Service unzebidden an ze garantéieren. Mir bidden Iech en Aen-Test un um héchsten Niveau vun der neier digitaler Technologie, a Bezuch zu reale Situatiounen, mat däitlech méi präzise Brëlle-Glieser.
- Kommt eis besichen, an 2 retro-futuristeschen ON-Boutiquen: Eis qualifizéiert Optométristen an Optiker beroden Iech gär beim Choix an der perfekter Upassung vun Ärem neie Brëll.
Huelt Iech e Rendez-Vous Online
Et ass séier, einfach, an erlaabt Iech Äre Rendez-Vous ze plangen an zu enger Zäit ze buchen, wéi et Iech am beschte passt.
Dat mënschlecht A, mat der entspriechender Korrektur, huet bedeitend méi Potenzial, wéi een eigentlech denkt...
Gitt Ären Aen déi Prezisioun, déi se verdéngen!
| OPTIQUE NOTHUM - Äre Kënschtler fir Är Aen, zënter 1884… |