Sponsored ContentEng App fir d'Baustelle besser ze suivéieren

RTL Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Bauentreprise Wiesen-Piront  setzt en neie Standard an der Clientebetreiung mat der Aféierung vun enger innovativer mobiller Applikatioun. D'App erlaabt et de Clienten, de Fortschrëtt vun hirem Chantier an Echtzäit ze verfollegen an all wichteg Dokumenter ze verwalten. D'Alexandra Elz, Marketingdirektesch vum Grupp, erkläert eis d'Haaptpunkten an d'Virdeeler.

Eng Pionéierroll am Bausecteur

Zanter 45 Joer ass Wiesen-Piront een etabléierten Acteur am Bau vun Haiser a Residencen zu Lëtzebuerg. D'Entreprise setzt op Expertis, Qualitéit a perséinlechen Accompagnement, fir d'Zefriddenheet vun hire Clienten ze garantéieren. „Bauen ass e komplexe Prozess, et muss ee vill Entscheedungen treffen, komplex Verwaltungsvirgäng bewältegen an eng ganz Rëtsch Prestataire koordinéieren. Bei eis huet all Client vum éischte Kontakt bis zur Iwwerreechung vun de Schlësselen een eenzegen Uspriechpartner, wat de Prozess schonn immens vereinfacht“, erkläert d'Alexandra Elz.

Méi Transparenz a méi Sécherheet

Motivéiert vum Wonsch, de Cliente vu Wiesen-Piront d'Liewen nach méi einfach ze maachen, huet d'Alexandra Elz dat an Ugrëff geholl, wourun et op Chantieren oft ze feele schéngt: Transparenz. „Eis Techniker sinn e puer Mol an der Woch sur Place, fir de Progrès vun den Aarbechten ze suivéieren, mee de Client kritt dat net ëmmer mat“, erkläert d'Marketingdirektesch. Well d'Alexandra Elz déi zukünfteg Proprietaire berouegen a virun allem d'Kommunikatioun mat hinne verbessere wollt, huet si doriwwer nogeduecht, eng App fir de Suivi vu Chantieren ze entwéckelen. En innovative Projet, den d'Direktioun vun der Entreprise schnell iwwerzeegt huet an e puer Méint drop schlussendlech Realitéit gouf. „Dat ass eng Première zu Lëtzebuerg; mir sinn déi eenzeg, déi dat ubidden. D'App ass op alle mobillen Apparaten disponibel an eise Cliente virbehalen, déi e perséinlechen Zougangscode fir d'Notzung vun der App hunn. Dat wäert et hinnen erméiglechen, mat e puer Klicks den dagesaktuelle Fortschrëtt vun hirem Immobilieprojet ze suivéieren“, resüméiert si.

All Informatioun op ee Bléck

Mat der App kréien d'Cliente Push-Notifikatioune vun hirem Chef de Chantier, déi si iwwer de Progrès vun hiren Aarbechten notamment duerch d'Verschécke vu Fotoen informéieren. Eng integréiert Chat-Funktioun erméiglecht de Clienten et  ausserdeem, sech direkt mat hirem Interlocuteur auszetauschen. „Dëst vermeit Zäitverloscht duerch laang E-Mail-Korrespondenz a garantéiert eng méi schnell a méi effizient Kommunikatioun“, ënnersträicht d'Alexandra Elz.

E weidere grousse Virdeel ass, dass d'Applikatioun d'Gestioun vun alle wichtegen Dokumenter erliichtert. „Den Nottärsakt, den Energiepass an all offiziell Dokumenter ginn an der App gespäichert. D'Avenanten an d'Pläng, déi wärend der Bauphas eng Ënnerschrëft erfuerderen, kënnen och iwwert d’App ënnerschriwwe ginn. D'Cliente kënnen also och z. B. hire Choix vu Materialien iwwer d’Applikatioun confirméieren“, seet si.

D'App ass aktuell bei verschiddene Cliente scho getest a gëtt geschwë fir all nei Clienten zougänglech. „Mir wäerten d'Applikatioun reegelméisseg upassen a mat neie Funktiounen erweideren, fir d'Erfarung vun eise Clientë kontinuéierlech ze verbesseren“, sou d'Alexandra Elz. Dës Innovatioun ënnersträicht d'Engagement vu Wiesen-Piront, fir d'Clienten sou gutt wéi méiglech duerch hire Bauprojet ze begleeden.

Mat der Aféierung vun dëser App setzt Wiesen-Piront en neie Moossstaf am Bausecteur zu Lëtzebuerg – fir méi Transparenz, méi Confort a méi Sécherheet.

Fir weider Informatiounen: https://www.wiesenpiront.lu/startsait

Back to Top
CIM LOGO