Sponsored ContentEt ass Fréijoer, eis nei Traiteursgamm waart op iech

RTL Lëtzebuerg

Et ass esouwäit, lues awer sécher ass dat schéint Wieder nees do! Begleet vun neie Recetten, déi et dréngend an de Fischer-Bäckereien ze entdecke gëllt. Mat eisen Zalote mat dausenderlee Faarwen, Sandwichen a villfältege Platen hutt Dir d'Qual der Wahl, fir Äert Gléck ze fannen...

Qualitéit gëtt groussgeschriwwen

Bei Fischer si mir iwwerzeegt, datt Är Geschmaachsknospen esou richteg verwinnt musse ginn. Dofir sinn d'Produiten, aus deenen eis Recettë bestinn, ultrafrësch, villfälteg a saisonal. Mir leeën och grousse Wäert op hausmaacher Produiten. Eis Baguetten a Recettë gi beispillsweis op der Plaz realiséiert.

Sandwichen: frësch a faarwefrou

Hutt Dir Loscht op e leckere Snack, dee gläichzäiteg siedegt a verdaulech ass? Loosst Iech vum „Jambon Cru“ verféieren: Eng Baguette aus Sauerdeeg, déi delikat mat Kornischongsrëndelcher verfeinert ass. Fir méi eng englesch Nott ass de Poulet-Bacon mat ciatwist-Brout eng ideal Optioun. Loscht op e Minitrip an Italien? D'„Foccacia Gourmande“ ass eng perfekt Kombinatioun aus Pesto, Serrano a Balsamico. Fir e vegetarescht Geschmaachserliefnis, entscheet Iech fir e Sandwich mat gegrillten Auberginnen a säftege Mozarellascheiwen.

Wielt Äre Gourmet-Sandwich

Snacke fir all Goût

E klengen Honger? Iesst gesond a loosst Iech et gutt schmaache mat eisem Fitness-Bagel mat Pouletsgeschnetzeltes, Sprossen a faarwegem Geméis. Fir déijéineg, déi dem Hierscht mat sengen orangë Geschmaachsnotten notraueren, gëtt et den Triangle feuilleté sésame potiron an zwou onwidderstéileche Versiounen: Oeuf rémoulade a Poulet-Guacamole. A fir déi, déi et gär méi intensiv hunn, loosst Iech de Wrap mat Rëndspastrami, Roude Rommelen a Mierréidech-Zooss net entgoen!

Loosst Iech vun Ärem nächste Snack verféieren

Plaz fir Liichtegkeet

Genéisst liicht an duuss ländlech Akzenter an enger Zalot vum „Terroir“, mat Comté, gekachter Ham, engem pochéiertem Ee an hausgemaache Croûtone... Balsam fir d'Séil! Dir zitt méi entleeën Destinatioune vir? Entscheet Iech fir déi séiss-sauer Kombinatioun vum der faméiser Fischer-Bowl mat gebrodenem Poulet, Fusilli mat Pesto, Hommos a Meloun. Wann Dir en Amateur vu Facilitéit a Minimalismus sidd, wäerten eis Zalote „Croquante“, „Coleslaw“ a „Concombre“ Ären Honger stëllen.

Entdeckt Är Liblingszalot

Är Zefriddenheet iwwerall

All eis Recettë loossen sech esouwuel bei eis op der Plaz ewéi och soss anzwousch genéissen. Bestellt séier a sécher online iwwer Click & Collect a kommt Är Commande 45 Minutte méi spéit an Äert Geschäft ofhuelen. Well fir eis ass Är Zäit wäertvoll. Elo an och an Zukunft.

Bestellt elo iwwer Click & Collect

Back to Top
CIM LOGO