
D'Offer vun nohaltegen Investitiounsfongen, och ISR (Investissement Socialement Responsable) genannt, ass an de leschte Joren bestänneg gewuess. Den Investisseur huet dofir heiansdo Schwieregkeeten, déi Fongen, déi sengen eegenen Nohaltegkeetsziler entspriechen, ze identifizéieren, well all Verwaltungsgesellschaft oder Fundmanager eng aner Investitiounsmethod huet oder een nohaltegen Investitiounskrittär vu ville privilegiéiert.
Wat ass en ESG-Fong a wéi setzt en sech zesummen?
Eng grouss Majoritéit vu Fongen, déi enger ESG-Strategie follegen, probéieren zur Erreechung vun de 17 nohaltegen Entwécklungsziler, déi vun de Vereenten Natiounen definéiert goufen, bäizedroen:

Fir dës Ziler ze erreechen, baséieren d'ESG-Strategien hiren Investitiounsprozess zousätzlech zu de klassesche Variabelen op d'Analys vun de folgenden net finanzielle Variabelen (Bewäertungen, Bilanzqualitéit vun der Entreprise, a.s.w.):

D'Interpretatioun vun dësen net finanzielle Variabele ka vun enger Verwaltungsgesellschaft zur anerer an esouguer bannent der selwechter Entreprise vun engem Manager oder Analyst zum anere variéieren.
Ee wichtege Punkt läit dowéinst beim Ausmooss an deem déi verschidden ESG-Krittären implementéiert goufen, oder anescht gesot, beim Toleranzniveau géigeniwwer kontroversen Aktivitéiten, deen dës Fongen hunn.
Bei verschidde Verwaltungsgesellschafte gëtt et zum Beispill guer keng Toleranz bei Handschosswaffen a Persouneminnen wärend Investitiounen an Energieproduzenten toleréiert ginn, soulaang den Nuklearundeel net méi ewéi 30 % vum Ëmsaz bedréit.
Fir anerer, ewéi ING zum Beispill, ass et wichteg, déi Gesellschaften ze ënnerstëtzen, déi sech engagéieren, hiren CO2-Foussofdrock signifikativ ze reduzéieren an d'sozial Aspekter an déi vun der gudder Gouvernance ze verbesseren. Déi meescht Gesellschaften, déi sech am Beräich vun ESG engagéieren, verëffentleche Gouvernance- an Nohaltegkeetsrapporten a maache grouss Ustrengunge bei der Transparenz an der Kommunikatioun zu dësem Thema.
Wéi verséchert een sech, dass dës Fonge wierklech nohalteg sinn?
D'Manager vun de Fonge stäipen sech op d'Dateliferanten, duerch déi si e Maximum vun Informatiounen an ESG-Krittäre quantifizéieren an objektivéiere kënnen. Dës Datebanke si wichteg Hëllefsmëttel, déi awer och hir Limitten hunn:
Zousätzlech zu de Fongen ass et och wichteg, fir onofhängeg Organismen ze hunn, déi d'Portfolioe vun den ESG-Fonge kontrolléieren an déi verifizéieren a wéi engem Mooss déi nohalteg Investitiounskrittären erfëllt sinn. Zu Lëtzebuerg an an der Belsch hunn d'Societéite LUXFLAG a Febelfin hir eege Labele fir nohalteg Investitioune kreéiert. Domat garantéieren si, dass d'ESG-Fongen, déi dës Labele kritt hunn, der minimaler Qualitéitsnorm entspriechen.
Verschidde Verwaltungsgesellschafte ginn nach méi wäit a benotzen hiert Wal- an Asprochsrecht wärend der Generalversammlung, fir all Projet oder Entscheedung ofzeblocken, déi den ESG-Krittären oder hiren Iwwerzeegunge wat ESG ubelaangt net entsprécht (Active Stewardship). D'Verwaltungsgesellschaften hunn domat e privilegiéierte Kontakt mam Management vun den Entreprisen a kënne probéieren dës positiv doran ze beaflossen, d'ESG-Krittären anzehalen, mat der Méiglechkeet, sech als ultimativ Sanctioun finanziell zeréck ze zéien.
Als Investisseur kënnt Dir och doriwwer mat Experte schwätzen, déi mat Iech d'Fongen an déi Dir gär géift investéieren, analyséieren. Zum Beispill mierke mir vun ING, dass déi Fongen an de Beräicher vun den neien Energien, der Alimentatioun, Hygiène oder dem Waasser, däitlech manner d'Tendenz hunn, Aktie vun Entreprisen, déi mat kontroversen Aktivitéite verbonne sinn, ze enthalen.
Als Conclusioun?
Och wann et Prinzipien, Hëllefsmëttel fir d'Analys a Kontrollorganisme ginn, ass d'Anhale vun den ESG-Normen (Ëmwelt-Soziales-Gouvernance) virun allem eng Fro vun Engagement an Iwwerzeegung, mat allem wat u Subjektivitéit derzougehéiert.
Dat däerf eis awer net dovun ofhalen an ESG-Fongen ze investéieren, well andeem mir erneierbar Investitioune privilegiéieren, brénge mir ëmmer méi Societéiten dozou, sech fir CO2-Neutralitéit an d'Anhale vun den aneren ESG-Krittären ze engagéieren. Ëmmer méi ethesch a responsabel ze investéieren, dat ass déi nei Norm bei den Investitiounen!
Bei ING Luxembourg Private Banking schaffe mir dorun eis Investitiounsprodukter an nohalteg a responsabel Produkter ze transforméieren. Gitt op ing.lu/sri applewebdata://2CD629A8-7F10-4108-AE79-558A87CE0C08#_msocom_1fir méi doriwwer gewuer ze ginn.