
Entdeckt hei 10 kleng Gesten, déi dozou bäidroen, den digitalen CO2-Foussofdrock ze reduzéieren. D'Zukunft vun eisem Planéit betrëfft eis all, hëlleft och Dir, en Ënnerscheed ze maachen!
Equipementer, déi méi laang halen
#1 Bleift Äre Geräter trei
Et ass virun allem d’Hierstellung vun eise Smartphones an aneren technologesche Geräter, déi en Impakt op eis Ëmwelt huet. Fir hiren CO2-Foussofdrock anzeschränken, soll ee sech am Alldag gutt ëm se këmmeren. Haalt se esou laang wéi méiglech a loosst se reparéieren, aplaz se ze ersetzen, wa se net méi ginn.
Wann Dir ëmmer um neiste Stand vun der Technik wëllt sinn, dann denkt och drun, datt een nei opbereeten Apparater kafe kann. Vergiesst och net de Recyclage, gitt Ärem eegene Smartphone en zweet Liewen.
#2 Schenkt Äre Geräter en zweet Liewen
Dir plënnert? Ären Equipement gouf ersat? Vergiesst net, Är Box an Ären Decoder un Äre Provider zeréckzeginn. Si kënne vun anere Persoune benotzt ginn a kréien esou en neit Liewen.
Denkt och drun, datt informatescht an elektronescht Material recycléiert ka ginn. Éier Är al Apparater deemno an engem Tirang verschwannen, drot se op eng vun de Plazen, déi dofir virgesi sinn.
Op déi selwecht Manéier kënnt Dir och am Virfeld Equipementer aussichen, bei deenen den Ekodesign mat integréiert ass. Dës Geräter sinn esou konzipéiert, datt hiren CO2-Foussofdrock vu virera begrenzt ass.
Méi verantwortungsbewosst Entscheedungen
#3 Éischter Wi-Fi wéi 4G
Wann ëmmer et méiglech ass, benotzt éischter eng Wi-Fi-Verbindung, wéi de mobille Reseau. De 4G verbraucht nämlech dräi Mol méi Elektresch, wéi ADSL an zéng Mol méi wéi Glasfaser!
#4 Besser Downloade wéi Streamen
Videoen um Internet kucke frësst och richteg vill Stroum a verbraucht ronn 80 % vun der Bandbreet.
Vermeit wa méiglech, de Streaming an entscheet Iech éischter fir d’Eroflueden. Dir kënnt och d’Opléisung vun de Videoen, déi Dir kuckt, erofsetzen a se un d’Gréisst vun Ärem Bildschierm upassen. Denkt op de sozialen Netzwierker drun, d’automatescht Ofspille vu Videoen ze desaktivéieren an d’HD-Fotoen anzeschränken.
#5 Maacht eng grouss digital Botz
A wéi wier et mat enger digitaler Fréijoersbotz? Duerch den Asaz vun den digitalen Technologie gi Milliarde vun Donnéeë produzéiert. Dës ginn an Datenzentren an op Servere gespäichert, déi natierlech Energie brauchen, fir fonctionéieren ze kënnen.
Fir en iwwerflëssege Verbrauch duerch dëse Stockage ze vermeiden, gëtt et ee ganz einfache Reflex: Sënnert reegelméisseg d’Donnéeën, déi Dir hale wëllt, a läscht E-Mailen, déi Dir net méi braucht, maacht d’Poubelle vun Ärer Messagerie eidel, haalt nëmmen déi néideg Fotoen, mellt Iech of vun Newsletteren, déi Dir souwisou ni liest …
Mat klenge Gesten, Energie spueren
#6 On oder off: Maacht keng hallef Saachen
Och wann e manner deier ass, de Standby-Modus vun Ären Apparater verbraucht trotzdeem Energie. Schalt deemno Är Internet-Box, Är Tëlee, Äre Smartphone an Äre Computer aus, wann Dir se iwwert eng méi laang Zäit net benotzt. Och si hunn d’Recht, e bëssen ze raschten.
#7 Zitt de Kabel eraus
Jo, och e Chargeur, deen net mat engem Gerät verbonnen ass, verbraucht Stroum. Wann Är Apparater komplett geluede sinn, dann denkt drun, de Chargeur aus dem Stecker ze zéien.
#8 Optiméiert d’Batterie vun Äre Geräter
Fir den Energieverbrauch ze reduzéieren ass et wichteg, de Luedeprozess vun de Geräter ze optiméieren. An dofir sinn eis Smartphonen a Computere mat puer Funktionalitéiten equipéiert. Dir kënnt zum Beispill den Energiespuermodus aktivéieren, d’Hellegkeet vum Bildschierm reduzéieren a schwaarz Bildschiermschoner benotzen, déi manner Energie verbrauchen.
#9 Vergiesst d’Apps am Hannergrond net
Och d’Funktioune fir de Bluetooth, de mobille Reseau an d’Geolokalisatioun, genee wéi och mobil Applikatioune setzen d’Leeschtung vun der Batterie vun Ärem Gerät erof. Aktivéiert dës Tools nëmmen, wann Dir se och braucht a maacht Är Apps zou, wann Dir se net méi benotzt. All Cent zielt!
#10 Schwaarz ass gutt fir Äre Bildschierm
Wousst Dir, datt d’Faarwen a Wäiss vill Energie brauchen, fir op eise Bildschiermer kënnen ugewisen ze ginn? Aktivéiert den Däischtermodus, Dir verlängert esou d’Autonomie vun Ärem Gerät an domat och d’Liewensdauer vu senger Batterie. E weideren net onwichtege Virdeel: den „dark mode“ verbessert de visuelle Confort doduerch, datt d’Belaaschtung duerch d’blo Luucht reduzéiert gëtt. Schluss mat Kappwéi a midden Aen!
Dir wëllt Äre Smartphone wiesselen a gläichzäiteg der Natur blimmelen?
Orange Luxembourg hëlt Ären ale Smartphone zeréck, fir him en zweet Liewen ze ginn an tauscht e géint eng flott Remise – bis zu 400 €, jee no Modell – op Ärem fonkelneien Handy an. Domat ditt Dir net nëmmen der Ëmwelt, mee och Ärem Portmonni eppes Guddes!