Brittesche Start-upStroum aus der Äerd: Bakterie produzéieren Elektrizitéit

Philippe Dondelinger
Eng brittesch Start-up mam Numm Bactery entwéckelt Apparater, déi Stroum direkt aus dem Buedem gewannen. Dobäi gi Bakterien, déi natierlech an der Äerd liewen, genotzt.
Stroum aus der Äerd, produzéiert vu Bakterien
E Start-up aus England wëll Batterien duerch Bakterien ersetzen a sou Stroum produzéieren.

Wann d’Bakterien organescht Material ofbauen, gi Elektrone fräigesat. Mat speziellen Elektrode ginn dës agefaangen an a Stroum ëmgewandelt.

D’Technologie kéint virun allem Sensoren op Felder, Wiederstatiounen oder aner Apparater op ofgeleeëne Plaze mat Energie versuergen. Laut den Entwéckler funktionéiert de System Dag a Nuecht an och bei schlechtem Wieder.

Aktuell produzéieren d’Apparater nach relativ wéineg Stroum. D’Fuerscher hoffen awer, d’Leeschtung an Zukunft däitlech ze erhéijen. D’Technologie soll Solarenergie net ersetzen, mee als zousätzlech Energiequell déngen.

Back to Top
CIM LOGO